Der BBC no sollen haut um Dënschdeg amerikanesch Vertrieder mat enger russescher Delegatioun zu Abu Dabi fir weider Gespréicher zesumme kommen.
E Méindeg war eng iwwerschaffte Versioun vum amerikanesche Friddensplang fir d‘Ukrain ugekënnegt ginn. Déi éischt Reaktioun vu Moskau war negativ. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij sot sengersäits, de Plang géif elo op ville Punkten an déi richteg Richtung goen.
Wéi reagéiert d'EU?
Um Dënschdegmëtteg ass och eng Video-Konferenz vun der sougenannter Koalitioun vun de Wëllegen Alliéierte vun der Ukrain geplangt.
De franséische President Emmanuel Macron sot um franséischen RTL, et dierft ee sech net schwaach weise vis a vis der Menace duerch Russland. Frankräich misst sech verdeedegen, an d‘Menace duerch Russland wär eng Realitéit, esou de franséische Staatschef.