Zënter Méindeg ginn et gewaltsam Protester an der Haaptstad Katmandu.
Um Méindeg sinn dobäi, bei Zesummestéiss mat der Police, op d‘mannst 19 Mënschen ëm d‘Liewe komm.
Um Dënschdegmoien elo hu Manifestanten d‘Parlamentsgebai zu Katmandu a Brand gestach, grad wéi eng Rëtsch Haiser vu Politiker. Et gëtt fir den Ament keng Meldungen iwwert Blesséierter.