Radioen

On air

Notturno  |  Wesley Gonzalez - Drive You Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider Masseprotester an der Tierkei

No Verhaftung vum Oppositiounspolitiker Ekrem Imamoglu

Weider Masseprotester an der Tierkei

Zu Istanbul waren de Sonndeg den Owend nees Honnertdausende Leit op der Strooss, trotz engem Demonstratiounsverbuet.

auto_stories

1 min

Masseprotester zu Istanbul den 19. Mäerz 2025 | © picture alliance/dpa | Melissa Erichsen
Masseprotester zu Istanbul den 19. Mäerz 2025 (Foto: picture alliance/dpa | Melissa Erichsen)

Den Ekrem Imamoglu ass den Ament an Untersuchungshaft. Hie gouf de Sonndeg vu senger oppositioneller Partei CHP offiziell als Presidentschaftskandidat fir d'Walen 2028 gewielt. Och Milliounen Awunner hätten hie bei dësem Vott ënnerstëtzt, esou seng Partei.

Den Ekrem Imamoglu gëllt als Haaptkonkurrent vum aktuellen tierkesche President Recep Tayep Erdgoan. Hie gouf wéinst dem Verdacht op Korruptioun an terroristeschen Aktivitéite festgeholl an agespaart. Hien dementéiert d'Reprochen a seet, seng Verhaftung wier politesch motivéiert.