No enger grousser Attack hätten d'Beduinen sech gëschter um Samschdegowend aus der Stad zeréckgezunn, esou de syreschen Inneministère. An aneren Deeler vun der Provënz geet d'Gewalt awer virun.
Déi syresch Iwwergangsregierung hat gëschter um Samschdeg eng Wafferou annoncéiert a weider Truppen op Suwaida geschéckt. Syresch Zaldote kréie virgehäit, sech selwer un der Gewalt géint d'Druse bedeelegt ze hunn. Israel hat dowéinst dës Woch déi syresch Haaptstad Damaskus ugegraff.
Iwwer 900 Doudeger bis elo
Den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio huet déi syresch Iwwergangsregierung opgefuerdert, am Süden ze bleiwe fir dschihadistesch Attacken ze verhënneren.
Méi wéi 900 Mënsche wiere bis elo bei der Gewalt ëm d'Liewe komm, esou d'ONG Syreschen Observatoire fir Mënscherechter zu London. All d'Säiten an dësem Konflikt kréien Atrocitéite virgehäit.