Ukrainesche Sourcen no soll et bei de Verhandlunge virun allem ëm e weideren Austausch vu Krichsprisonéier goen, de Retour vun ukrainesche Kanner, déi vu Russland verschleeft goufen, an ëm d'Virbereedung vun engem eventuellen Treffen tëschent dem Wolodymyr Selenskyj an dem russesche President Wladimir Putin.
Den ukrainesche President huet betount: Eng Wafferou kéint nëmmen duerch Verhandlungen um Niveau vun de Presidenten erreecht ginn.