Um Méindegmoien huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj den US Spezialemissär Steve Witkoff an den Jared Kushner am Kanzleramt zu Berlin getraff. De Wolodymyr Selenksyj huet am Nomëtteg vu Gespréicher geschwat, déi "net einfach" mee "produktiv" waren. Wat genee beschwat gouf, ass net gewosst. Inhalt vun de Gespréicher soll den iwwerschafften US-Friddensplang sinn, deen och net am Detail bekannt ass.
Keen NATO Bäitrëtt an Territoire ofginn?
D‘US-Vermëttler géife weider drop bestoen, datt d‘Ukrain een Deel vun der Donbass Regioun, déi nach vu Kiew kontrolléiert gëtt, u Russland soll ofginn, esou déi franséisch Presseagence.
Moskau fuerdert och, datt d‘Ukrain drop verzicht der NATO bäizetrieden. De Wolodymyr Selenskyj hat virum Treffen ugedeit, datt d‘Ukrain net méi dorop géif bestoen – wann d‘EU an USA déi néideg Sécherheetsgarantië kéinte ginn.
Den Owend sollen dann EU an NATO Spëtzten zu Berlin fir d‘Gespréicher zu Berlin dobäikommen. De Premier Luc Frieden géif net dohinner reesen, heescht et aus dem Staatsministère.
Kreml am Virfeld skeptesch
Déi russesch Säit hat éischter kleng d’Erwaardungen un d’Gespréicher an Däitschland. Et wier zu Berlin kaum eppes Guddes ze erwaarden, sot de Juri Uschakow, aussepolitesche Beroder vum Wladimir Putin, op der russescher Tëlee. Wéi et schéngt, wëllt Russland bei senge Fuerderungen no ukraineschem Territoire net noginn.