Radioen

On air

Moiesstudio  |  Paul Hammelmann

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi war d'Campagne, wat soe Sondagen, wéi geet et virun?

Europawalen

Wéi war d'Campagne, wat soe Sondagen, wéi geet et virun?

D’Walcampagne fir d’Europawale kënnt sou lues op en Enn. Mee wéi ass déi réckbléckend iwwerhaapt verlaf? Kënnen déi riets Parteie wierklech mat engem Opschwong rechnen? A wa jo, wat heescht dat fir d’Zesummesetzung vum nächsten Europaparlament? Froen un eis Bréissel-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

4 min

headphones

10 min

play_arrow

Bei nationale Walen hiewe sech normalerweis e puer konkret Theeme staark ervir. Bei den Europawalen ass dat méi schwéier, well de Walkampf an all Land anescht ofleeft, an dacks ganz einfach national Sujeten dominéieren.

Wéi eng Sujeten hunn de Walkampf dominéiert?

Mir haten eng kleng Ëmfro am Radiosreseau Euranet Plus gemaach. Do koum eraus, datt zum Beispill d’Sujete ronderëm Verdeedegung a Sécherheet an de Länner am Oste ganz uewe stinn. Dëst ass awer keng Iwwerraschung wéinst dem russesche Krich, deen do vill méi no a present ass.

A wat och erauskoum ass, datt a verschiddene Länner weider d’Migratioun eng wichteg Roll spillt. Och keng Surprise.

Fir de Rescht kann ee virun allem eent ganz kloer soen: De Klimaschutz, ee Sujet, deen och hei am Land bei de leschte Walen de Sujet Nr, 1 war, ass zimmlech no hanne geréckelt. Als Walkampfsujet quasi ganz verschwonnen.

Wann ech elo ee Sujet misst fir ganz Europa nennen, dann ass et virun allem d’Fro, ob a wéi ee sech no riets ofgrenzt. Eng Fro, déi sech a villen Debatte gestallt huet. Gëtt et ee "cordon sanitaire" fir mat Rietsen oder Rietsextremen zesummenzeschaffen? Wou leien do d’Limitten?

Véier Parteien – d’Sozialisten, déi Liberal, déi gréng an déi Lénk - hunn ee gemeinsame Pabeier ënnerschriwwen a gesot, eng Koalitioun mat extreem rietsen oder radikale Parteie kënnt net a Fro.

Dat wollt déi gréisste Fraktioun am Parlament, déi vun der Europäescher Vollekspartei EVP, zu där d’CSV ugehéiert, net ënnerschreiwen. Si huet sech manner kloer verhalen an d’Dier opgelooss fir zum Beispill eng Zesummenaarbecht mat de postfaschistescher Regierungspartei an Italie vun der Premierministesch Giorgia Meloni.

Dës Aussoe vun der Spëtzekandidatin Ursula von der Leyen vun der EVP hunn am Walkampf fir Opreegung gesuergt.

"Rietsruck": Kann een de Sondage gleewen

Wann een déi verschidde Quelle kuckt, déi zur Verfügung stinn, dann deiten déi effektiv op dat hin, wat een dacks als "Rietsruck" bezeechent.

Deemno géifen déi gréisste Partei EVP an d’Sozialisten als zweetstäerkst ongeféier um nämmlechten Niveau bleiwen. Déi Liberal géife verléieren. Och déi Gréng géifen - esou guer däitlech – verléieren, wärend par conter déi Riets wäit iwwer 20 vu 720 Sëtz géifen dobäi gewannen. Si kéinten drëttstäerkst Kraaft ginn am Parlament.

Dobäi dierf een net vergiessen, datt déi Riets a Rietsextrem och schonn an dësem Parlament ganz staark vertruede waren.

Wat hire warscheinleche Stëmmegewënn bedeit, hänkt dovun of, wéi si sech am nächste Parlament organiséieren a wéi si zesummen optriede wäerten.

Ee grousse Rietsblock am Europaparlament?

Iwwert ee méigleche Rietsblock ginn et den Ament zimmlech vill Spekulatiounen.

Aktuell sinn am Parlament um rietse Bord zwou Fraktioune vertrueden: EKR Konservativ a Reformer mat virun allem PIS Polen a Fratelli d’Italia; an d’ID mat virun allem Rassemblement National a bis viru kuerzem der AfD.

Net ze vergiessen ass och, datt et um rietse Bord och déi ginn, déi néierens affiliéiert. E Beispill wier Fidesz vum Viktor Orbán.

Wann déi sech all zesummendinn, da géif dat effektiv ee ganz grousse Block ginn. Warscheinlech de gréissten am Parlament

Et ginn och esou Bestriewungen. Den Ungaresche Premier Viktor Orbán sot nämlech, datt dat just an den Hänn vun zwou Frae géing leien: Der italieenescher Premierministerin Giorgia Meloni an der franséischer Marine Le Pen.

Wichteg wäert och d’Haltung vun der polnescher PIS-Partei sinn. Et goufen Annoncë vun Ouverturë vun alle Säiten, ouni datt een Zesummeschloss bis elo konkret gouf.

Deen ass menger Meenung no och net ganz warscheinlech. Ënner anerem, well een op Sujete wéi Russland an Ukrain awer deels wäit ausernee läit. An och well et al intern Streidereie gëtt.

Allerdéngs kéinten déi op alle Fall punktuell iwwerwonne ginn. A genau dat halen ech am warscheinlechsten: Datt déi gestäerkten Droite an ënnerschiddleche Fraktioune bleift, awer ebe gestäerkt op verschiddene Punkten zesummeschafft, an esou probéiert, déi fir si decisiv Dossieren ze blockéieren.

Ob dat klappt hänkt dann dovun of, wéi staark sech de Rescht vun den etabléierte pro-europäesche Parteien zesummendeet.

Lauschterenplay_arrow