arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi wäit ka Grönland sech op d'EU verloossen?

Onkloer EU-Äntwert

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Wéi wäit ka Grönland sech op d'EU verloossen?

D'EU sicht no enger Äntwert op déi amerikanesch Menace géint Grönland. Onkloer ass bis elo, wéi d'Solidaritéit am Eeschtfall géif ausgesinn.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
De Premier vu Grönland Jens-Frederik Nielsen am Oktober 2025 virum Europaparlament | © EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
De Premier vu Grönland Jens-Frederik Nielsen am Oktober 2025 virum Europaparlament (Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Grönland ass een autonomen Territoire vum Kinnekräich Dänemark, an ass esou duerch Dänemark un d’EU gebonnen. Doriwwer, wat dat genee heescht, gouf déi lescht Woch vill zu Bréissel spekuléiert.

 Et huet gedauert, bis déi éischt Aussoen aus den ieweschten Etagë vun den EU-Institutiounen ëffentlech gemaach goufen.

EU-Grönland-Partnerschaft zanter 2007

Kloer ass, datt d’Europäesch Unioun zënter dem Mäerz 2025 ee permanenten EU-Bureau zu Nuuk op Grönland huet, an och, datt d’EU zënter 2007 ee Partnerschafts-Ofkommes mat der gréisster Insel an der Arktis huet.

Am Video op der Homepage vun der EU-Kommissioun gëtt Grönland éischter pittoresk presentéiert: faarweg Haiser am Schnéi, Kanner, déi op engem Fiels danzen a Walen, déi laanscht een Äisbierg schwammen.

Mee wéi enk ass de Lien mat de ronn 56.000 Leit, déi op de bal 2.200.000 Quadratkilometer vu Grönland wunnen?

A wéi wäit gëllt den EU-Traité?

Den Artikel 42 am EU-Traité garantéiert d’Solidaritéit ënner de Memberstaaten, am Fall vun enger Aggressioun géint eent vun hinnen. 

Ka Grönland dovu profitéieren?

Sou direkt wollt d’Spriecherin vun der EU-Kommissioun en Donneschdeg net dorop äntwerten. Aplaz dovun huet si op eng Ried vun der Kommissiounscheffin vum Dag virdru verwisen.

Von der Leyen: EU-Prinzippie gëlle fir Grönland

Et war déi éischte Kéier zënter den neie Menacë vum amerikanesche President, datt d’Ursula von der Leyen eppes zu Grönland sot:

“Eis Unioun ass net perfekt, ma et ass ee Verspriechen: Datt d’Kooperatioun méi staark ass wéi Konfrontatioun, datt Gesetzer méi staark si wéi Force. Prinzippien, déi net nëmme fir d’EU mee d’selwecht fir Grönland gëllen.”

De Conseilspresident Antonio Costa hat bei där nämmlechter Geleeënheet verséchert:

“Grönland gehéiert senge Leit. Näischt kann iwwer Dänemark a Grönland decidéiert ginn, ouni Dänemark oder Grönland. Si hunn dee volle Support an déi voll Solidaritéit vun der Europäescher Unioun.”

Keng Deklaratioun vun allen EU-Staaten

Kuerz virdrun haten op Dräikinneksdag siwen EU-Staaten hir Solidaritéit mat Grönland an Dänemark ausgedréckt. Dorënner Däitschland, Frankräich, Spuenien an Italien - net awer Lëtzebuerg.

De Grand Duché awer steet hanner där Deklaratioun, huet de Premier Luc Frieden op X matgedeelt an och am 100,7-Interview verséchert.

“Déi Länner, déi dat ënnerschriwwen hunn, waren déi grouss Länner, déi sech getraff haten. An d'Dänen hunn eis duerno gefrot, oder och déi aner Länner gefrot, ob ee mat der Deklaratioun d'Accord wär. An ech hunn dat am Numm vu Lëtzebuerg am fréie Mëtteg gemaach.”

Firwat gouf et keng Deklaratioun vun alle 27 EU-Länner?

D’Anitta Hippert, Spriecherin vun der Kommissioun, wollt dee Statement vun de Länner net kommentéieren. Si huet méi prinzipiell de Support vun der EU fir déi territorial Integritéit vu Grönland ervirgehuewen, genee wéi déi néideg Zesummenaarbecht vun den Alliéierten, fir déi ze assuréieren, d’USA inclus.

Frankräich schafft u Plang - Europaparlament wëllt Drock maachen

Esou ganz kloer ass et also nach net, ob wat sech Dänemark a Grönland effektiv verloosse kënnen.

Frankräich géif mat anere Partnere konkreet un engem Plang schaffen, wéi op déi amerikanesch Menacë soll geäntwert ginn, esou de franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot e Mëttwoch.

Am Europaparlament gëtt et iwwerdeems Iwwerleeunge vu Sozialisten, Gréngen a Liberalen, den Accord tëschent der EU an den USA iwwer d’Douanestaxen ze blockéieren.

Deem Accord muss d’Parlament nach zoustëmmen. An deen Accord kéint elo genotzt ginn, fir Drock op d’USA ze maachen, esou de Wonsch vu verschiddenen Europaparlamentarier.

play_arrow Lauschteren