Radioen

On air

Notturno  |  The Divine Comedy - Our Mutual Friend

play_arrow Live
search

/ Wéi reagéiert d‘EU op déi amerikanesch Douanes-Taxen? 

EU-Handelsministeren

Wéi reagéiert d‘EU op déi amerikanesch Douanes-Taxen? 

D’Handelsrelatiounen tëschent der EU an den USA stinn am Mëttelpunkt haut um Conseil vun den zoustännegen europäesche Ministeren um Kierchbierg. Konkret geet et ëm d’Fro, wéi d’Europäesch Unioun op déi nei US-Taxe soll reagéieren, déi den US-President Donald Trump d’lescht Woch ugekënnegt hat. De Lëtzebuerger Vizepremier a Minister fir Aussenhandel Xavier Bettel (DP) hofft op eng gemeinsam Positioun vun de 27 EU-Staaten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Serge Kesseler play_arrow
(Foto: Serge Kesseler)

Europa muss sech ee Paradigmewiessel am Welthandel astellen, huet et vun der EU-Kommissioun geheescht. Déi polnesch Rots-Presidence huet vun enger “historescher Situatioun” geschwat.

Xavier Bettel: "Et dierf net jidderee seng eegen Zopp kachen"

D’EU soll dës Woch mat enger klorer a gemeinsamer Positioun op déi nei US-Taxe reagéieren, huet de Xavier Bettel virum Conseil am 100,7-Interview verlaangt.

"Dat Schlëmmst wier elo wa jidderee seng Zëppche wéilt kachen. Bis elo ware mir jo éischter pragmatesch, zum Beispill beim Stol a beim Aluminium, hu mir gesot, hei komm mir loossen e bëssen Zäit. Mee wann awer keng Reaktioune kommen a Pragmatismus net ubruecht ass, da muss een ebe méi haart virugoen."

Beim ausseruerdentleche Conseil hei um Kierchbierg, dee virun enger Stonn ugefaangen huet, wäert den EU-Kommissär Maroš Šefčovič iwwer seng rezent Gespréicher mat den USA informéieren.

"Et ass jo speziell. Mir sinn zu 27 ronderëm den Dësch, mee et ass d’Kommissioun, déi fir eis alleguerten negociéiert. Dofir och déi Pilgerfaarten alleguerten elo op Washington, fir ze mengen, et kéint een do eppes aushandelen. Duerno ass et d’Europäesch Kommissioun déi aushandelt. Wat awer net onwichteg ass, ass ee gudden Drot an ee Kontakt, a virun allem probéieren, déi amerikanesch Administratioun e bëssen ze raisonéieren."

Op der Plattform X hat den EU-Handelskommissär scho kloer gemaach, datt d’US-Taxen net justifizéiert wieren. D’EU wéilt seriö verhandelen, mee si wier och prett, hir Interessen ze verdeedegen.

EU an USA maachen 30 Prozent vum weltwäiten Handel aus

Et misst ee sech virbereeden, seet och de Xavier Bettel zur Fro, wéi eng Handelspartner an Zukunft eng aner Roll kéinte spillen.

"Dir wësst Kanada, Japan, an Asien iwwerhaapt stinn op der Lëscht. China ass ee Partner, awer och ee Rival (...) dat heescht mir kréien näischt geschenkt och vun hinnen. Mee de Mercosur ass och wichteg." 

Bis elo hunn d’Handelsrelatiounen tëschent der EU an den USA als eng Liewensoder vun der Weltwirtschaft gegollt. D’EU an d’USA maache bis elo zesumme ronn 30 Prozent vum weltwäiten Handel aus.

Lauschterenplay_arrow