arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi laang musse Journalisten op eng Äntwert op eng Presseufro waarden?

Informatiounszougang

|
headphones

2 min

Wéi laang musse Journalisten op eng Äntwert op eng Presseufro waarden?

D'Recht vu Journalisten a Journalistinne fir un Informatiounen ze kommen, soll mat enger Deadline an d'Gesetz geschriwwe ginn, fuerdert de President vum Journalisteverband ALJP, de Misch Pautsch. Hie weist sech awer skeptesch, datt dat och wierklech geschitt.

headphones

2 min

Ana Angel | © Ana Angel
Misch Pautsch, President vun der ALJP (Foto: Ana Angel )

De Misch Pautsch begréisst, datt d'Journalisten an d'Journalistinnen op d'mannst een Accusé de reception musse geschéckt kréien, wa si eng Ufro bei enger Verwaltung maachen.

Bis ewell ass an der Circulaire Bettel festgehalen, datt eng Ufro vun der Press muss bannent 24 Stonne beäntwert ginn. Dora muss net schonn d'Äntwert op d'Fro geliwwert ginn, mee et muss eng Deadline genannt ginn, wéini d'Journalisten an d'Journalistinne mat enger Äntwert rechne kënnen. 

Trotzdeem geet dat net duer, dat misst am Gesetz festgehale ginn, fuerdert de Misch Pautsch. 

Ee Kaartenhaus ka séier zesummebriechen 

Ee Gesetz wier vill méi stabil wéi eng Circulaire, ënnersträicht de President vun der ALJP. Eng Circulaire wier schlussendlech nëmmen eng Aarbechtsuweisung.

"De Problem ass, datt dat Ganzt nëmmen esou gutt ass, wéi déi Persoun, déi effektiv zum Schluss duerno un der Spëtzt sëtzt an duerno kuckt, datt déi Aarbechtsuweisungen och ëmgesat ginn, bezéiungsweis vläicht duerno souguer d'Decisioun trefft an do muss et jo kee politeschen Deliberatiounsprozess ginn, fir esou Circulairen ëmzekippen, ze ersetzen, ze sträichen, vläicht och ouni Ersatz tatsächlech ze sträichen."

De Misch Pautsch vergläicht déi aktuell Situatioun mat engem Kaartenhaus. 

"Mir hunn e ganz schéint Kaartenhaus, wat wonnerbar fonctionéiert, wann alles geet a wa jiddereen zefridde mateneen ass. Mee wann s de dës ënnescht Käertche vun der Circulaire Bëttel do erauszitts, déi net verankert ass gesetzlech, da brécht dat Ganzt zesummen."