arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi genee funktionéiert d’Leerstandssteier zu Esch?

Lokal

|
headphones

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Wéi genee funktionéiert d’Leerstandssteier zu Esch?

Vun en Donneschdeg un kann d'Gemeng Esch Steieren erhiewen, wa Geschäftsflächen eidel stinn. Déi sougenannt Leerstandssteier gëtt domat vum 15. Januar un Realitéit. Just déi Leit, déi net mat der Gemeng collaboréieren, riskéieren eng héich Steier.

headphones

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Chantier an der Escher Uelzechtsstrooss | © Jo Welfringer
Chantier an der Escher Uelzechtsstrooss (Foto: Jo Welfringer)

Fir den Escher DP-Schäffe fir Tourismus an Ekonomie Pim Knaff ass d’Leerstandssteier fir Geschäfter dat lescht Puzzlestéck fir d’Stad Esch an d’Haaptakafsstrooss lieweg ze halen.

Well trotz Projeten a finanzieller Ënnerstëtzung vun der Stad hätt ee gemierkt, datt: 

"Eng Rei Proprietäre vu Lokaler, vu Geschäftslokaler, net drop ugespronge sinn an am Fong hiert lokal weider an deem Zoustand gelooss hunn, wéi et war, keng Efforte gemaach hunn, fir et iergendwéi op de Marché ze bréngen oder et dann och konform ze setzen oder soss nach Loyer gefrot hunn, déi einfach net méi adaptéiert sinn zu der Situatioun haut."

Dofir huet déi schwaarz-blo-gréng Majoritéit sech decidéiert, eng Leerstandssteier anzeféieren.

Nach bis de 15. Januar Zäit

Et hätt een d’Proprietären awer net viru “vollendet” Tatsaache gestallt, seet de Pim Knaff. Schonn am Juni d’lescht Joer goufe Bréiwer un d’Proprietaire geschéckt, fir se ze informéieren. Am September en zweeten.

Mëttlerweil hätten sech scho vill Proprietäre gemellt a géife proaktiv dru schaffen hir eidel Flächen ze verlounen. Déi wéilt ee souwisou net cibléieren, seet de Pim Knaff.

“Et ass jo d'Méiglechkeet och dat Tax nach iergendwéi ze echappéieren, wann ee e gudde Wëlle weist. Well dat war am Fong dat, wat mer och wollte maachen. Déi Leit, déi hiert Lokaler net direkt verlount kréien, well se, well dee vläicht ze grouss ass an net direkt elo do Leit hunn usprangen. Mir wëllen déi net onbedéngt sanktionéieren. Mee et sinn déi, déi wierklech Lokaler an engem delabréierten Zoustand loossen an déi der Strooss als och e schlechten Image ginn, déi wollte mer am Fong. awer an d'Responsabilitéit huelen.”

Eng Rëtsch Proprietäre maachen awer nach ëmmer näischt fir e Locataire an hir Geschäftsflächen ze kréien.

En eidelt Geschäft an der Escher Uelzechtstrooss | © Jo Welfringer
En eidelt Geschäft an der Escher Uelzechtstrooss (Foto: Jo Welfringer)

Bis de 15.Januar hätte se nach Zäit sech bei der Stad Esch ze erklären. Wann dat net geschitt, gëtt d’Tax fälleg – an déi ass ze spieren. Wéi héich se wierklech ausfält hänkt vun der Fläch of a wéi laang d’Geschäft schonn eidel steet. Fir dat éischt Joer ginn 20% vum hypotheetesche Loyer fälleg. Falls d’Geschäft am zweete Joer nach ëmmer eidel steet souguer 50%.

Wat halen d’Escher Geschäftsleit dovun?

De Berny Ley ass Vizepresident vum Escher Geschäftsverband an Direkter vun enger gréisserer Lëtzebuerger Reesagence a begréisst déi nei Steier.

"Mir sinn am Fong frou, fir all Initiativ, déi vun der Gemeng ënnerholl gëtt, fir ze kucken, datt mer haaptsächlech an der Uelzechtstrooss zu Esch de Leerstand lues e lues erof kréien. Dat war déi lescht, looss mer soen, zéng Jore war dat e bësse méi schlëmm ginn."

Eidel Geschäfter géifen eng Akafsstrooss manner attraktiv maachen, esou nach de Berny Ley. Et kéint dofir och nëmmen am Interessi vun engem Geschäftsmann oder och engem Proprietär sinn de Leerstand esou gutt et geet ze evitéieren.

Virun allem gréisser Proprietäre loosse Gebaier eidel

D’Reesagence vum Berny Ley huet e Standuert an der Escher Uelzechtstrooss. D’Gebai, wou d’Agence dran ass gehéiert hinnen och selwer. Aus der Perspektiv vum Proprietär konnt de Berny Ley och ni verstoe firwat ee Geschäftsfläche géif eidel stoe loossen. 

No an no hätte sech awer bestëmmte Grënn erausgeschielt. 

"Do si Leit, déi ierwen eppes, déi wëssen dat mol net, déi wunnen am Ausland an déi hu vläicht 20 Gebaier, déi iewescht Stäck si verlount. Dat heescht, et kënnt Loyer eran, an da mierkt ee mol net, datt de Rez-de-Chaussée scho säit sechs Méint eidel steet, do kee méi dran ass a kee Loyer méi erakënnt."

De Pim Knaff seet, datt ee gesinn hätt, datt et éischter gréisser Proprietären oder Gruppementer wieren, déi Geschäftsfläche länger géifen eidel stoe loossen.

Reelle Problem vu Spekulatiounen

De Problem vun der Spekulatioun mat Immobilië wier och reell, esou den DP-Schäffen. 

"Mir hu jo an der Uelzechtstrooss och gesinn, datt eng Rei Immeubelen opkaaft gi sinn, wou ee jo wierklech huet misse mengen, datt et an engem Sënn vu Spekulatioun wär, wou déi kaaft gi sinn. A voilà, mir wëllen och deene soen, datt mer dat esou awer net dee bescht méigleche Facteur fir den Developpement vun eiser Stad fannen."

Ob déi nei Leerstandssteier de Problem léise wäert muss een an der Zukunft gesinn. Momentan huet d’Stad Esch 11% Leerstand vu Geschäfter am Zentrum.

Aner Stied wéi Bréissel oder och Metz, hätte gewisen, datt d'Method Succès hätt, esou nach de Pim Knaff. 

play_arrow Lauschteren