Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Roy Haynes Quartet - If I Should Lose You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den duebele Message vum Michel Reckinger a Saachen Energiepräis-Subventiounen

Patronatsdaachverband UEL

Den duebele Message vum Michel Reckinger a Saachen Energiepräis-Subventiounen

Déi aktuell staatlech Mesurë fir d’Stroum- a Gaspräisser ze bremse sollen am Laf vum Joer 2025 progressiv auslafen. Dat huet d'Regierung viru Kuerzem an der Chamber annoncéiert. Et gëtt awer och un engem neie System geschafft. De Patronatsdaachverband no, mécht eng Verlängerung vun dëse Mesuren an der aktueller Form kee Sënn. Mee wa se gestoppt ginn, fäert d'UEL awer eng méi séier Indextranche.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Michel Reckinger, President vum Patronatsdaachverband UEL (Foto: Archiv)

De Patronatsdaachverband UEL hätt fir de Moment keng weider Informatiounen iwwert d'Pläng vun der Regierung iwwer d'Zukunft vun den Energiepräisdeckelen, seet de President Michel Reckinger. Hie rechent domat, datt dës Mesuren iwwert eng gewëssen Zuel u Méint wäert auslafen.

"Mir si ganz kloer der Meenung, datt dat kee Sënn mécht. Ech menge mir musse kucken, datt mir do op ee Marchéspräis zréck kommen. Well mir just iwwert de Marchéspräis och verschidden aner Lenkungseffekter wäerte kréien, wat grad d’Dekarboniséierung ubelaangt"

Angscht bei de Betriber

De Michel Reckinger seet awer gläichzäiteg, datt et "vill Angscht" bei de Betriber géif gi wéinst dem Afloss op den Index. Wann den Energiepräisdeckel enges Daags géif ewech fale géifen d’Präisser klammen.

"Esou wéi et haut ausgesäit wäert dat ganz sécher zu engem Declenchement vun enger Indextranche féieren. Am Koalitiounsaccord steet dran, datt wa méi wéi eng an 12 Méint kënnt, datt dann eng Tripartite kënnt, fir ze kucke wat mir aus där Indextranche maache kënnen: ob mir se annuléieren oder ob mir se verréckelen. Dat muss een da gesinn. Mee et ass ganz sécher, datt iergend eppes muss gemaach ginn. Well nach eng Kéier: Indextranchë si Gëft fir déi Lëtzebuerger Entreprisen" 

Eng Tripartite wier net néideg

De Michel Reckinger hofft deemno, datt den "effet index" op d'Entreprisen esou kleng wéi méiglech wäert sinn.

Fir dat ugekënnegt progressiivt Auslafen am Joer 2025 vun den Energiepräisdeckelen ze decidéieren, misst dem UEL-President no iwwregens keng Tripartite zesumme kommen.

 

Lauschteren play_arrow