Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Francis Of Delirium - Red

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi eng Rechter hunn d'Flugpassagéier?

Nom Tëschefall den 10. Mee um Findel

Wéi eng Rechter hunn d'Flugpassagéier?

Tëschent 800 an 1.000 Leit ware viru knapp dräi Woche vun der Evakuéierung vum Flughafenterminal betraff. Dës Leit haten eng zweete Kéier musse kontrolléiert ginn, well ee Metalldetekter no Botzaarbechte kee Stroum méi hat. Dowéinst haten den 10. Mee zéng Flich mussen annuléiert ginn, an 43 Flich hate Verspéidunge kritt. Wéi gesäit et an dësem Fall mat de Passagéier hire Rechter aus? Wie muss déi Betraffen entschiedegen?

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Archiv

De Grond fir de Problem mat der Sécherheetskontroll um Flughafe Findel hat d’Bedreiwergesellschaft Luxairport haut virun enger Woch op enger Pressekonferenz genannt. Bei där Geleeënheet hat de Generaldirekter Alexander Flassak och d’Fro beäntwert, wien den Uspriechpartner fir Entschiedegungen ass.

Grondsätzlech wier dat nämlech en Theema tëschent dem Passagéier an der Airline.

"Und falls die Airline auf uns Rückgriffsrechte hat und sieht, dass wir in der Verantwortung stehen, dann entziehen wir uns auch der Verantwortung natürlich nicht.“

ULC: Flughafebedreiwer ass an der Responsabilitéit

Méi kloer beäntwert de Pascal Koehnen vum Konsumenteschutz ULC d’Fro vun der Responsabilitéit an dësem Fall. Fir hien ass an dëse Fall kloer de Flughafebedreiwer an der Responsabilitéit an net d‘Fluggesellschaften.

Dowéinst kéint de betraffene Passagéier wuel bei der Fluggesellschaft nofroen, "mee en huet besser en adresséiert sech un de Luxairport an e mécht deem seng Doleance" an e chiffréiert.

Betraffener vum Sécherheetsincident den 10. Mee um Findel hu sech bis elo nach keng beim Lëtzebuerger Konsumenteschutz gemellt, esou de Pascal Koehnen vun der ULC.

CEC: Passagéier muss seng Demande un d'Airline stellen

An esou engem Fall, wéi deem vu viru knapp dräi Wochen um Findel, géif d’Ufro vum Passagéier ëmmer direkt un d’Airline goen, erkläert iwwerdeems d’Juristin beim Europäesche Verbraucherzenter CEC, d’Kelly Mulombe. "Dat ass effektiv de Vertragspartner."

Wann d‘Airline do hannendru Remboursementer mécht, ka si duerno Luxairport kontaktéieren.

Konsumenteschutzministère: Responsabele muss entschiedegen

D’Passagéier hätten op alle Fall keng Entschiedegung direkt vun der Airline zegutt, esou d’Explikatioun vum Patrick Wildgen vun der ëffentlecher Uwendungsstell vun de Passagéierrechter am Konsumenteschutzministère.

"Trotzdeem kann ee sech d’Fro stellen, wien da muss entschiedegen, och wann et d’Airline net ass. Do applizéiert sech den Droit commun, oder déi generell Reegelen, wat elo net déi speziell si vun de Passagéierrechter. An déi Reegele besoen, datt deen, dee fir de Schued responsabel ass, deen och muss entschiedegen."

Konkret Fäll missten um Friddensgeriicht verhandelt ginn

Dat misst da Fall fir Fall gekuckt ginn, net vun enger ëffentlecher Instanz, mee vun engem Riichter um Friddensgeriicht.

Concernéierter sollten entweder mat hirem Affekot, mat der ULC oder eventuell dem CEC eng Entschiedegung ufroen, esou och de Patrick Wildgen vum Konsumenteschutzministère.

Lauschterenplay_arrow