An Däitschland debattéieren elo d'Bundesländer iwwer d'Annonce vum Bundesamt fir Verfassungsschutz fir d'AfD-Partei als geséchert rietsextremistesch ze bezeechnen. Mëtt Juni soll dat op der Innenminister:innenkonferenz zu Bremerhaven thematiséiert ginn.
Entloossungen an e Finanzéierungsstopp?
Konsequenze fir d'AfD-Partei kéinten et der dräi ginn. D'Inneminister:inne vun de Bundesländer sollen am Juni eng éischte Kéier doriwwer diskutéieren, wéi eng Konsequenzen dat kéint hunn op den ëffentlechen Déngscht.
Staatsbeamtinnen a Staatsbeamte missten d'Gesellschaft an déi grondleeënd demokratesch Fräiheete schützen. Am Eenzelfall misst dat zu enger Entloossung vun AfD-Membere kënne féieren, sot de Roderich Kiesewetter, een CDU-Sécherheetspolitiker.
Fir de bayreschen CSU-Inneminister Joachim Herrmann misst een och iwwerpréiwen, ob d'AfD als erwise rietsextreem Partei net och misst vun der staatlecher Parteiefinanzéierung ausgeschloss ginn.
Den CDU-Chef aus Niedersachsen, de Sebastian Lechner, hält dat fir noutwendeg, hie kéint dat net erdroen, wann eng rietsextreem a verfassungsfeindlech Propaganda duerch ëffentlech Gelder finanzéiert gëtt.
Gedeelte Meenungen zu engem Parteiverbuet
Ëmstridde bleift ënner den Inneminister:innen aus de Bundesländer d'Fro vum Parteiverbuet, eng Prozedur déi vum Bundestag, dem Bundesrat oder der Bundesregierung kéint an d'Weeër geleet ginn.
Och d'SPD-Politiker:inne si sech ënnereneen net doriwwer eens. De Georg Maier aus Thüringen sot der Bild géintiwwer, datt esou eng Prozedur als nächst misst ënnerholl ginn.
Den SPD-Parteikolleeg aus Hamburg, den Andy Grote, warnt dogéint virun engem séieren Handelen, et misst ee fir d'éischt iwwerpréiwe loossen, ob esou eng Prozedur fir d'AfD ze verbidde juristesch méiglech wier.