arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi dem Luc Frieden no nëmmen zwee Joer als Premier d'Muecht entwutscht

Kommentar

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Wéi dem Luc Frieden no nëmmen zwee Joer als Premier d'Muecht entwutscht

De Luc Frieden koum aus der Privatwirtschaft nees zeréck fir d'CSV un d'Muecht ze féieren. Mee dat leeft grad net esou, wéi hie sech dat virgestallt hat. E Kommentar vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Et ass d'Theema vun der Woch: De Luc Frieden huet seng Regierung dann awer nach virun de Feierdeeg nei opgestallt. De Premier hat dat jo nach am November am 100,7-Interview ausgeschloss. 

Nëmme 24 Deeg méi spéit huet de Premier missen hanner seng Wierder vum 14. November goen.

"An deene leschten Deeg a Wochen ass de Minister Georges Mischo op eng kontinuéierlech Aart a Weis kritiséiert ginn (...), déi em net méi erlaabt op eng sachlech Aart a Weis seng Aarbecht ze maachen."

Problematesch Resultater am Politmonitor

No zwee Joer CSV-DP-Regierung leeft et net gutt fir déi gréisst Regierungspartei. Déi nei Ëmfrowäerter, déi um Dënschdegowend publizéiert goufen, si besonnesch fir de Premier an CSV-President Luc Frieden problematesch. Hien, deen aus der Privatwirtschaft zeréckkoum fir d'CSV nees zeréck un d'Muecht ze féieren, muss no nëmmen zwee Joer nokucken, wéi d'Muecht him entwutscht.

Leit, déi an de leschte Méint mam selwer designéierte CEO ze dinn haten, rapportéieren ëmmer nees ee Message: De Luc Frieden géif sech wonneren, datt et esou schwéier wier, eppes hei am Land ëmzesetzen. 

"Befreiungsschlag" zeréckgezunn

Virun e puer Méint huet de Luc Frieden dofir gutt informéierte Sourcen no iwwer e "Befreiungsschlag" nogeduecht. An der Hallschent vun der Legislaturperiod wéilt hie mat enger Regierungsëmbildung fir frësche Wand suergen. D'CSV-Ministeren Deprez a Mischo hat hien op senger Lëscht stoen. An hien huet gehofft, datt d'DP matmaache géif, fir datt et net dono géif ausgesinn, wéi wa just d'CSV e Problem hätt. 

Mee de Luc Frieden war ondecidéiert an hat kee richtege Plang, bis hie just nach an d'Reaktioun gerutscht ass. Nodeems d'Gewerkschaften d'CSV-Ministerin Deprez an den CSV-Minister Mischo hefteg kritiséiert haten, ass dem Luc Frieden näischt anescht iwwereg bliwwen, wéi sech hanner seng Truppen ze stellen. D'Fënster fir e proaktive Remaniement war zou. Virun engem knappe Mount huet hien dofir eng Regierungsëmbildung ausgeschloss, mee hien huet de Feeler gemaach, sech keng Dier opzeloossen, fir weider Entwécklungen. 

Keen anere Choix fir de Luc Frieden

An esou ass et komm, wéi et huet misse kommen: De Georges Mischo huet sech a säin nächste Pull geheit. Well dës Kéier de ganze Regierungsrot a besonnesch den ambitiéisen a gutt opgestallten CSV-Finanzminister Gilles Roth riskéiert hu matgezunn ze ginn, huet de Finanzministère bannent e puer Deeg genuch Drock opgebaut, fir datt dem Georges Mischo seng Zäit an der Regierung gezielt war.

Iwwer de leschte Weekend gouf d'Regierungsëmbildung diskutéiert, an et blouf dem Luc Frieden näischt anescht iwwereg, wéi de Marc Spautz ze froe fir Aarbechtsminister ze ginn. Dee Marc Spautz, deen am Hierscht 2012 zesumme mam deemolegen LSAP-Fraktiounschef Lux a mam Premier Juncker dem Luc Frieden säi Budgetsprojet amendéiert huet, wärend de Finanzminister an der Vakanz war. Dat huet de Luc Frieden net vergiess ... mee hien hat awer och de leschte Weekend keng aner Léisung parat. 

Iwwerhëlt de soziale Fligel vun der CSV?

Esou lafen d'Scheewercher dem liberalen CSV-Premier dovun. Wann den Nationalrot den Owend bis erduerch ass, huet de CEO kee schwaachen Aarbechtsminister méi do sëtzen, deen de Gewerkschaften domat dreet, si kéinten hir Rechter beim Aushandele vu Kollektivverträg verléieren, mee mam Marc Spautz e klore Vertrieder vum Gewerkschaftsfligel vun de Chrëschtlech-Sozialen. D'CSV-Fraktioun bleift awer och ouni de Marc Spautz e kritesche Kontrahent fir de liberalen CSV-Premier, well mam Laurent Zeimet soll en anere Vertrieder vum méi soziale Fligel vun der Partei d'Fraktiounspresidence iwwerhuelen.

Och dem liberalen CSV-Premier seng Dreem fir dem liberalen Deel vun der AMMD eng Faveur ze maachen an d'Gesondheetspolitik nach méi ze liberaliséieren, wéi de Koalitiounsvertrag et virgesinn huet, sinn net opgaangen. Wollt hien déi stuer Martine Deprez nach virun e puer Wochen aus der Regierung huelen, huet d'CSV-Ministesch mëttlerweil d'Ënnerstëtzung vun der eegener Fraktioun an och vu medezineschen Acteuren, fir just dat ze maachen, wat am Koalitiounsaccord virgesinn ass - an näischt méi. 

Déi nächst dräi Joer gi keng einfach

Aus der grousser Rentereform, déi hien houfreg am Fréijoer am État de la Nation annoncéiert hat, ass och just eng kleng Iwwerbréckungs-Reförmche ginn, déi déi politesch Responsabel an e puer Joer dann nees upake mussen. 

Et ass net fir d'éischt, datt de Luc Frieden a senger politescher Karriär vun de Reaktiounen an der Welt dobaussen iwwerrascht gëtt. Hien hat sech dat effektiv alles nees méi einfach virgestallt. Elo, zwee Joer nodeems hien als Staatsminister säin héchst politescht Mandat iwwerholl huet, gesäit et dono aus, wéi wann hien net vill méi wäit géif kommen.

Et seet scho vill aus, datt hien insistéiert, CSV-President ze bleiwe bis zu de Chamberwale vun 2028. Hie weess nämlech ganz genee, datt et der och genuch a senger eegener Partei gëtt, déi net mat senger liberaler Ausriichtung a senger passiver Féierung averstane sinn. Déi nächst dräi Joer ginn net einfach fir de CEO.

play_arrow Lauschteren