De Willibrordus-Bauveräin organiséiert d’Sprangpressessioun. En ass 1861 an d'Liewe geruff gi vun Iechternacher Bierger. D'Zil war et Suen ze sammelen, fir d'Basilika kënnen ze restauréieren. Dat war dee Moment batter néideg, well déi houfreg Kierch soss riskéiert hätt an de Koup ze falen.
De Staat an d’Gemeng waren dee Moment net à même déi néideg finanziell Moyenen opzebréngen, fir dat ze maachen.
Schied duerch den zweete Weltkrich
Am Oktober 1944 huet d'Stad Iechternach missten evakuéiert ginn. D'Basilika hat am Vergläich zu der Stad d'Bombardementer eenegermoosse gutt iwwerstanen. Allerdéngs gouf op Chrëschtdag 1944 d'Basilika gesprengt. Zu den Hannergrënn vun där Dot ginn et keng prezis Donnéeën. D'Basilika war duerno allerdéngs komplett zerstéiert.
Haut ass d'Basilika en nationaalt Monument, mat der Kathedral eng vun den zwou Kierchen, fir deenen hiren Ënnerhalt déi ëffentlech Hand trotz Trennung vu Kierch a Staat nach ëmmer opkënnt. Déi Aufgab ass dem Willibrordus-Bauveräin also ofgeholl ginn, seng Haaptcharge ass zënter 1975 d'Organisatioun vun der Sprangpressessioun.
D'Virbereedunge fänke fréi un
D'Virbereedunge fir d'Sprangpressessioun fänke schonn am Dezember dat Joer virdrun un. Dozou gehéiert net nëmmen eng ganz Réi u Courrieren déi eraus ginn, mee och d'Betreiung vun de verschiddene Museken, déi reegelméisseg un der Sprangpressessioun deelhuelen.
Am Laf vum Mäerz geet dann déi eigentlech Opstellung vun der Sprangpressessioun un. Do muss d'Musek zu de Spréngerreien passen. All Spréngergrupp kritt dann ee Kommissär zougedeelt, dat sinn haaptsächlech Benevollen.
D'Pilgergruppe komme gréisstendeels aus dem noen Ëmkrees wéi der Eifel, dem Saarland, Düsseldorf oder Oochen.
De Parcours ass zënter 1952 onverännert
Den allgemengen Interessi an d'Bekanntheet wier an d'Luucht gaangen, zënter datt d’Sprangpressessioun op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturpatrimoine vun der Mënschheet steet, erkläert de Marc Diederich.
Dëst Joer fält d’Sprangpressessioun net an d'Schoulvakanz. D'Schülerinnen a Schüler konnte sech awer eng Dispens froen, fir kënnen deelzehuelen.
De Parcours ass zënter 1952 ëmmer deen nämmlechten. En ass bal 1 Kilometer laang an d'Gruppe brauchen eng knapp Stonn dofir.
Eng Emissioun aus der eelster Stad vum Land
Iwwert den historeschen Hannergrond vun der Sprangpressessioun hat de Maurice Molitor mam Historiker Jean Schroeder geschwat. Dës Spezialemissioun kënnt Dir hei nolauschteren.