Virun e puer Deeg sinn d'Biller un d'Press gaangen, wéi déi zukünfteg Cent- an Euromënze mam Portrait vum neie Grand-Duc Guillaume wäerten ausgesinn. Wärend de Grand-Duc Henri nach no riets gekuckt huet, kuckt de Guillaume awer elo no lénks. Zoufall ass dat net, erkläert den Numismatiker Alain Hoffmann vun der BCL am 100,7-Interview.
"Bei all Trounwiessel gëtt d'Orientatioun vun dem Portrait geännert. Dat heescht, de Grand-Duc Jean a Frang-Zäiten, deen huet no lénks gekuckt. De Grand-Duc Henri bei der Aféierung vun den éischten Euromënzen huet no rechts gekuckt. An elo kuckt de Grand-Duc Guillaume, genee wéi säi Grousspapp, och nees no lénks. Dat ass en ongeschriwwent Gesetz."
Et wier u sech keng Obligatioun gewiescht bei Geleeënheet vum Trounwiessel elo nei Mënze prägen ze loossen, well an där neier Verfassung vun 2023 - anescht wéi virdrun - net méi steet, datt de Grand-Duc d'Recht huet, de "battre monnaie", wéi ee seet.
Design "Made in Italy"
Trotzdeem gëtt et gemaach, allerdéngs sinn déi nei Mënzen net schonn den 3. Oktober prett. Dofir war d'Zäit einfach ze kuerz, erkläert den Alain Hoffmann. Eleng fir d'Entwécklung vum Design misst een nämlech mat 9 Méint op d'mannst rechnen. Fir dat ze maache gouf iwwregens eng italieenesch Artistin gefrot, déi doranner spezialiséiert ass.
"Et ass esou, datt e Mënzdesign spezifesch ass, an deem Sënn, datt et net nëmmen en 2D-Graphismus ass, mee dee muss och an dräi Dimensiounen ëmgesat ginn. An dofir brauch den Artist spezifesch Kompetenzen, déi et him erlaabt, wann en en 2D-Design entwërft, datt en en och kann op en 3D-Design projezéieren, deen dann d'Basis ass fir d'Outil-de-frappen ze preparéieren."
Et ass iwwregens den Nach-Prënz an Ierfgroussherzog Guillaume selwer, deen d'Decisioun geholl huet, wéi eng vun de proposéierten Entwërf géifen zeréckbehale ginn. Entwërf am Pluriel, well et geet konkreet ëm dräi verschidden Designen: Ee fir déi kleng 1-, 2- a 5-Cent-Mënzen. Dann ee fir déi méi grouss vun 10, 20 a 50 Cent, an een drëtte fir d'1- an 2-Euro-Stécker.
Déi al Mënze bleiwen am Ëmlaf
Bis déi éischt Mënze mam Guillaume-Portrait gepräägt sinn a bis mir also déi éischt och wäerten am Portmonni hunn, do kann awer nach e gudde Strapp vergoen.
"Et ass virgesi fir am Laf vum Joer 2026 déi Mënzen an Ëmlaf ze bréngen. Dat heescht, déi musse fir d'éischt gepräägt ginn. An da musse se natierlech och verpaakt ginn an op Lëtzebuerg geliwwert ginn. Dat brauch alles seng Zäit. Dat heescht, e geneeën Datum kann een do definitiv net nennen."
Eppes ass awer och kloer, wa se da bis an Ëmlaf sinn, déi nei Mënzen, dann heescht dat net, datt déi aktuell hir Gültegkeet géife verléieren. Et bestéing och keng Absicht, déi "al" Mënze mam Grand-Duc Henri drop aus dem Ëmlaf ze huelen, betount den Alain Hoffmann.