Radioen

On air

Tockcity  |  Father John Misty - She Cleans Up

play_arrow Live
search

/ Wat seet den neitste STATEC-Rapport iwwert déi Lëtzebuerger Demographie aus?

Lëtzebuerg an Zuelen

Wat seet den neitste STATEC-Rapport iwwert déi Lëtzebuerger Demographie aus?

Ronn 672.000 Awunnerinnen a Awunner huet Lëtzebuerg op den 1.Januar 2024 gezielt. Dat sinn der ronn 11.200 méi wéi zejoert. Déi Zuelen erginn aus dem neiste Rapport vun der Statec. D’Lëtzebuerger Bevëlkerung wiisst awer méi lues wéi déi Jore virdrun.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / BeckerBredel play_arrow
Foto: picture alliance / BeckerBredel

Text: Ilana Joseph

Obwuel Lëtzebuerg ganz kloer op déi 700 000 Awunner:innen zousteiert, ass de Wuesstemstaux esou niddereg, ewéi zënter 10 Joer net méi. De François Peltier vum STATEC fënnt dofir e klore Grond. 

"L'année précédente, elle avait été marquée par l'arrivée de personnes de nationalité ukrainienne suite à l'invasion de la Russie en Ukraine, et donc ce qui a expliqué pourquoi en 2023 il y avait eu beaucoup de personnes qui sont arrivées au Luxembourg. Cela explique pourquoi il y a une croissance un peu moindre en 2024."

Och de Wäert vun den net-lëtzebuergeschen Awunner an Awunnerinnen ass zënter 2018 liicht erof gaangen, an zwar op 47,3 Prozent. Dat géif virun allem doru leien, datt ëmmer méi Leit déi Lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen. Eleng zejoert hunn nämlech 12.000 Mënschen sech naturaliséiert. 

"Si on regarde. parmis les Luxembourgeois, du 1 janvier 2024, 77 pourcent possède une nationalité, mais ce qui veut signifier que 23 pourcent possède au moins une seconde nationalité et cette part n’était que de 5 pourcent en 2011."

EU-Spëtzereider bei der Migratioun

Aus dem Rapport geet dann och nach ervir, datt d’Bevëlkerung vu Lëtzebuerg ëmmer méi al gëtt. Den Duerchschnëttsalter läit mëttlerweil bei iwwer 40 Joer. Gläichzäiteg hellt den Taux u Gebuerten of. Zejoert loung den Duerchschnëtt bei 1,25 Kanner pro Fra a Lëtzebuerg.

"Dans les autres pays, la croissance démographique, principalement, est due aux naissances. Au Luxembourg, comme c’est la migration qui est le principal facteur de croissance démographique, il n’y a pas vraiment de conséquences."

Bei der Migratioun ass Lëtzebuerg also europäesche Spëtzereider: Zejoert sinn iwwer 27.000 Mënschen an de Grand-Duché geplënnert. D’Majoritéit dovunner am Alter fir ze schaffen. Déi Migratioun hëlleft dem STATEC no déi niddereg Gebuertenzuel ze kompenséieren an den Duerchschnëttsalter méi niddereg ze halen, ewéi an aneren EU-Länner. 

Lauschterenplay_arrow