arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat d’EU-Urteel fir gläichgeschlechtlech Koppelen a Pole wierklech heescht

EU/POLEN

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Wat d’EU-Urteel fir gläichgeschlechtlech Koppelen a Pole wierklech heescht

Dës Woch gouf Pole vum Europäesche Geriichtshaff verurteelt, well Pole refuséiert hat de Mariage vun enger gläichgeschlechtlecher Koppel unzeerkennen, déi zu Berlin bestuet goufen. Mënscherechtsaktivist:inne begréissen d’Urteel awer warnen och: Eng Legaliséierung a Pole wier doduerch net méi no.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Den 21. Pride march zu Krakau a Polen am Mee 2025  | © picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka
Den 21. Pride march zu Krakau a Polen am Mee 2025 (Foto: picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka)

Een onerwaartent Urteel fir déi ëmmer nach diskriminéiert Communautéit a Polen. De Bart Staszewski, polneschen LGBTQIA+-Aktivist, huet nom Urteel als éischt e bësse gebraucht fir déi juristesch Auswierkungen dovun ze verstoen.

“Dat Urteel ass méi revolutionär, wéi mir eis et erwaart hätten. Dat heescht, datt de Staat net nëmmen unerkenne muss, datt ee sech am Ausland bestuet huet, mee der Koppel och nach déi nämmlecht Rechter a Pflichte wéi am Ausland muss zougestoen.”

Dem Europäesche Geriichtshaff no verstéisst dat polnescht Gesetz géint Artikel 21 vum Kontrakt iwwer d’Aarbechtsweis vun der Europäescher Unioun, deen de Bierger:innen d’Recht op Familljeliewe garantéiert.

"Den Dram enzwousch anescht ze verwierklechen"

No dëser Entscheedung kéint eng nei Form vun Tourismus fir polnesch homosexuell Koppelen entstoen, mengt de Bart Staszewski.

Hien a säi Partner plangen och eng Rees an Däitschland fir sech do ze bestueden.

Lauschtert dee ganze Reportage vum 100,7-Korrespondent Adrien Sarlat

play_arrow Lauschteren