De Finanzminister huet de Fraktiounen "Pisten" virgestallt, déi ee kéint goen, fir d’Versprieche vun der aktueller Regierung wouer ze maachen, nämlech: Eng individuell Besteierung fir jiddereen, also och fir Koppelen. Stéchwuert Individualiséierung. Dat, andeems aus den aktuellen 3 Klassen an eisem Steiersystem, also déi vun de Celibatairen, d’1, déi vun de Wittfraen a –männer an Elengerzeienden, d’1A an och déi vun de bestueten oder gepacste Koppelen, der 2, eng gemaach soll ginn.
Dat ass keng ganz nei Iddi: Schonn am Koalitiounsaccord tëscht DP-LSAP-Déi Gréng 2013 gouf vun esou enger Ännerung an eisem Steiersystem geschwat. 5 Joer drop war d’Individualiséierung nees am Koalitiounsaccord vun der Gambia-Regierung festgehalen, mee et ass awer net ëmgesat ginn. Et gouf zwar eng optional individuell Besteierung agefouert, mee ouni grouss strukturell Upassung hannendrun, an dat gouf dann och déi lescht Jore wéineg genotzt.
Déi aktuell CSV-DP-Regierung schafft lo un enger struktureller Ännerung. An déi kascht de Staat eppes – an dësem Fall soll dat eise Sourcen no ronn 900 Milliounen Euro pro Joer kaschten.
Méi transparente Steiersystem
Eng Reform soll de gesellschaftlechen Entwécklunge Rechnung droen, heescht et. Et wéilt een net méi, datt sech engem seng familiär Situatioun op seng Steieren auswierkt.
Dann ass et och esou, datt d’Steierverwaltung selwer doduerch kéint entlaascht ginn – ëmmerhi wiesselt kee méi vun enger Klass an déi aner, bildlech kann ee vläicht soen, domat kënnt alles just nach op ee “Koup” a fir d’Leit soll de Steiersystem och méi transparent ginn.
Eise Sourcen no géife mat de proposéierten Ännerunge 85 Prozent vun de Steierzueler manner Steieren oder d’selwecht vill Steiere bezuele wéi elo. D’Individualiséierung gëtt also och gläichgesat mat enger staarker Steierreduktioun vu wéi gesot 900 Milliounen Euro d’Joer. Mee net fir jiddereen am selwechte Mooss: Fir 15 Prozent vun all de Steierdossieren, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, géif d’Reform heeschen, datt se méi Steiere bezuele misste wéi bis elo. Dat si Koppelen, an deenen et e groussen Ënnerscheet tëscht béide Revenue gëtt, also ee wesentlech méi verdéngt wéi deen aneren. Fir ze evitéieren, datt déi betraffe Leit effektiv elo ënnert der Reform leiden, proposéiert de Finanzminister wuel eng Iwwergangsphas vun 20 Joer. Eise Sourcen no wier de Minister do awer oppen an et wéilt een den Avis vum Staatsrot grad wéi d’Meenungen an der Chamber ofwaarde fir sech do festzeleeën.
De Gilles Roth probéiert besser ze kommunizéieren
Den Dënschdeg sollen déi genannte Pisten an der zoustänneger Chamberkommissioun debattéiert ginn. Ëm de selwechten Zäitraum wëllt de Minister och d’Gewerkschafte gesinn. Et heescht, de Finanzminister Gilles Roth wéilt e breede Konsens erreechen.
No där Phas soll dann ee Gesetzesprojet ausgeschafft ginn – an dee soll da bis Fuesent 2026 deposéiert ginn. A Kraaft triede soll d’Gesetz wa méiglech op den 1. Januar 2028.
De Finanzminister probéiert hei offensichtlech fir et besser ze maachen, wéi bei zum Beispill der Pensiounsreform, wou vill Acteure sech duerch d’Annoncen an der Ried zur Lag vun der Natioun widdert de Kapp gestouss gefillt hunn.
De Finanzministère huet d’Fraktioune virum Weekend eenzel informéiert, wat éischter ongewéinlech ass. An e sot dobäi wuel, datt et sech just ëm Pisten handelt, an et wéilt een ofwaarden, wéi d’Gewerkschafte sech positionéieren.
Déi allerdéngs fuerdere scho méi laang och nach aner Reformen am Steierberäich, wéi eng automatesch Upassung vun de Steieren un d’Inflatioun, sou datt ee kucke muss, ob dat hei hinnen duer geet.
Intressant ginn och d’Debaten aus der Chamber – sécherlech wäert ee vun de Kritikpunkte sinn, datt Monoparentallen, also eng Bevëlkerungsgrupp déi vill vum Aarmutsrisiko betraff ass, bei dëser Reform keng besonnesch grouss Steiererliichterunge kréien. En aner Kritikpunkt kéint och sinn, datt domat de klassesche Familljemodell net weider ënnerstëtzt gëtt an d’Elteren net incitéiert ginn, doheem bei hire Kanner ze bleiwen, mee alle béid schaffen ze goen.