arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat bedeit déi nei US-Sécherheetsstrategie fir d'EU?

International

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Wat bedeit déi nei US-Sécherheetsstrategie fir d'EU?

Europa misst sech an d’Richtung vun de Vereenegte Staate vun Europa entwéckelen. Am 100,7 Interview sot den DP-Europadeputéierten Charles Goerens dat wier den eenzege Wee fir als Block géint China, Russland oder d’USA ze reagéieren.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
DP-Europadeputéierten Charles Goerens | © Morgane Weidig
DP-Europadeputéierten Charles Goerens (Foto: Morgane Weidig)

Déi nei national Sécherheetsstrategie an den USA schéngt ee Wendepunkt fir d’Relatiounen tëschent den USA an Europa ze sinn. D’"Enn vun enger Epoch", esou huet den DP-Europadeputéierte Charles Goerens et rezent an engem Schreiwes bezeechent.

Den Ament wier Europa ze vulnerabel an iwwerall do, wou Europa géif eng Schwächt weisen, géifen déi "kalbliddeg Erpresser aus dem Wäissen Haus" dat ausnotzen. De Charles Goerens kéint dofir verstoen, datt et vun europäescher Säit keng grouss Reaktioun op déi nei annoncéiert Sécherheetsstrategie vun den USA gouf.

Huet d'Fragmentatioun schonn ugefaangen?

Et wier méi zilféierend roueg ze bleiwen a sech eng laangfristeg Strategie ze ginn, wéi een als EU zesumme kéint agéieren, fënnt den DP-Europadeputéierte Charles Goerens.

"Haut kënnt erëm eng Kéier de Starmer an de Macron an de Bundeskanzler Merz zu London zesummen, da wäerte se warscheinlech och ënner sech soen, den Trump, dee wëllt Europa fragmentéieren."

Datt déi dräi zesummekommen an et sech "umoossen am Numm vun deene 27 ze schwätzen", wier fir de Charles Goerens och schonn den Ufank vun der Fragmentatioun.

Wéi setzt d‘EU sech der US-Sécherheetsstrategie entgéint? 

Eng Analys vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

play_arrow Lauschteren