Zënter dem 1. Januar cotiséiere mir all méi. Den Employé, de Patron an de Staat bezuelen alleguer 0,5 Prozent méi an d'Pensiounskeess wéi bis elo.
Och d’Cotisatiounsjore wäerte klammen. Fir Leit, déi no 2030 an d’Pensioun ginn, kommen deemno op déi 40 Joer Schaffzäit nach 8 Méint drop. Dat ass just eng vu villen Ännerungen, déi op den 1. Januar a Kraaft trieden.
Steier-Abattement bis zu 9.000 Euro
Am Kontext Pensiounen trëtt op den 1. Januar och de Steierabattement fir méi laang Schaffjoren a Kraaft. Wann een deemno kéint an d’Pensioun goen, mee fräiwëlleg bis seng 65 Joer schaffe geet, kann ee bis zu 9.000 Euro pro Joer vu sengem Akommes vun de Steiere ofsetzen. Weider gëtt och de steierlech ofsetzbaren Héchstbäitrag fir Pensionäre vun 3.200 op 4.000 Euro eropgesat.
Eng aner Ännerung am Logementsberäich: Sech op d’Lëscht vu bezuelbarem Wunnraum schreiwen ze loosse soll an Zukunft méi einfach ginn, andeems eng zentral Ulafstell op myguichet ageféiert gëtt. Domat muss ee sech just nach eemol registréieren.
Staat iwwerhëlt een Deel vun de Stroumnetzkäschten
Op den 1. Januar iwwerhëlt de Staat iwwerdeems fir op d'mannst 3 Joer een Deel vun de Stroumnetzkäschten, esouwuel fir Privatleit wéi och fir Betriber. Dëst wäert automatesch geschéien, kee muss dofir eng Ufro stellen. De Staat kascht dat Ganzt 150 Milliounen Euro a well och d’Stroumpräisser um Marché zeréckgaange sinn, hunn d’Operateuren op den 1. Januar d’Präisser kënne reduzéieren.
Op den 2. Januar dann trëtt d’Virfinanzéierung vun de finanzielle Bäihëllefe fir Photovoltaikanlagen a Kraaft. Konkreet heescht dat, datt een déi Bäihëllefen net méi virstrecke muss, se ginn direkt vun der Rechnung ofgehalen an den Installateur freet sech d’Sue beim Staat zeréck.
Méi laang Ëffnungszäiten
Vu Januar un ännert sech awer och esou munches am Commerce: Dat vill diskutéiert Gesetz ronderëm d’Ouvertureszäiten trëtt nämlech a Kraaft. Domat kennen d’Butteker vu moies 5 bis owes 9 op hunn, a sonndes 8 Stonnen, amplaz wéi bis elo 4 Stonnen, hir Dieren opmaachen. A Betriber mat méi wéi 30 Mataarbechter:innen ass dat sonndes awer just méiglech, wann d’Sozialpartner:inne sech am Kollektivvertrag doriwwer eens ginn.