D'Masch ass dacks déi selwecht: Den Absender vum Mail wierkt echt an d'Maile selwer ginn och ëmmer méi professionell. Et muss ee meeschtens genee kucke fir se als Fake ze entlarven. Wien drop rafält, Daten agëtt, oder souguer Geld iwwer dee frauduléise Link iwwerweist, kënnt ganz séier an eng onangeneem Situatioun. D'Suen, déi een um Kont hat, si fort.
Mëttlerweil ginn och d'Online-Banking-Websitte realitéitstrei nogemaach. Wien also e Virement wëllt maache muss oppassen, datt e wierklech um Site vu senger Bank ass an net op engem Fake-Site. Soss riskéiert e seng Donnéeën - a warscheinlech och Geld - un Onéierlecher weiderzeginn. Rezent war iwwer esou Websitten an der Press ze liesen.
Just nach 4 Euro um Konto
Eng Prozedur, déi eigentlech quasi Routine ass: Et geet een op de Site fir den Online-Banking. User ID a Passwuert aginn a scho kann ee seng Kontoe consultéieren.
Eng Prozedur, déi fir d'Alice Pauly alles ausser nei ass. Wéi si erzielt, war et dës Kéier awer anescht wéi soss: Dës Prozedur huet si nämlech 6.500 Euro kascht.
"Ech wollt de Virement preparéieren. An ech hunn da mäi BIL-Kont wollten opmaachen. An et huet gedréit a gedréit, bis iwwerhaapt emol iergendeppes konnt geschéien. Mee dat ass bei eis u sech näischt Aussergewéinleches, well dat heiansdo e bësse méi laang brauch."
Si ass erausgaangen an huet nach emol probéieren. Duerno wier hire Konto dann och opgaangen. Dunn hätt si gesinn, datt just nach 4 Euro um Konto gewiescht wieren.
"An do scrollen ech weider erof an do gesinn ech, dass dann een op ee franséische Kont, mat fir mech engem afrikaneschen Numm, mir 6.500 Euro ofgebucht hat."
Wéi geet et virun, wann d'Sue bis fort sinn?
Fir de Pascal Köhnen, Jurist beim Konsumenteschutz, ass dat näischt Neies. Déi Bedruchsfäll géifen nämlech ëmmer besser ausgeféiert ginn. Clienten, déi och e gewëssent Vertrauen zu hirer Bank an hiren Online-Plattformen hunn, wieren deementspriechend méi vulnerabel.
Am Fall vun engem Bedruch sollt een dat direkt bei der Bank mellen an eng Plainte bei der Police maachen. Bei der Bank misst een et mellen, domat d'Bank beispillsweis duerch Alerte verhënnere kéint, datt nach weider Clienten hanner d'Liicht geféiert ginn.
D'Suen, déi sinn awer elo fort. Wéi geet et da weider? De Pascal Köhnen erkläert:
"A la base, do hu mir e Gesetz. Dat ass d'Gesetz vum 10. November 2009 sur les services de payement. An do ginn et am Fong zwou Haaptdispositiounen. An eng Dispositioun ass ze soen, datt am Fong d'Bank kee Payement ze maachen huet, deen net autoriséiert ass. Natierlech, wann esou kriminell Energië wéi hei dohannert stécht, dann huet de Client, dat hätt jo sécher net autoriséiert an ass hanner d'Liicht geféiert ginn. An da kënnt op där anerer Säit d'Spill vun der Bank, déi soen, okay, mir géife jo dat och elo rembourséieren, awer nëmmen an deem Fall, wou de Client net grav negligent war."
E Mangel un Empathie
Wéi d'Alice Pauly zwee Deeg nom Virfall um Méindegmoie bei d'Bank gaangen ass, krut si gesot, datt elo misst evaluéiert ginn, ob si d'Sue vun der Bank erëmkréich. Wat der Alice Pauly awer virun allem am Gediechtnes bliwwen ass, wier de Mangel un Empathie säitens der Bank.
"Si huet einfach zu mir gesot, mir kënnen näischt maachen, d'Sue si fort. A méi huet si net gemaach. A si huet eeben dunn hire Protokoll opgeholl, mech gefrot, ob ech dat gäre fräiginn hat oder wéi. An ech sot, ech hu jo bestëmmt näischt gäre fräiginn. Duerno war ech mat mengem Mann erëm do, fir d'Ënnerschrëft, fir d'Coden, fir d'Kontoen ze deblockéieren. An do huet déi wierklech wuertwiertlech zu mir gesot: 'Een Aarbechtskolleeg vu mir huet déi Saach, huet sech déi Säit ugekuckt. A wësst Dir, wat deen zu mir sot? O vreck, dat ass awer schäissgutt gemeet'."
D'Alice Pauly waart nach ëmmer op e Suivi vun der Bank. D'Suen huet si och nach net erëm - wa si se iwwerhaapt erëmkritt. Et kéint een awer schwéier pauschal soen, wie bei esou Fäll Urecht op eng Réckerstattung vum Geld huet, erkläert de Pascal Köhnen.
"Dann ass et e bëssen e Pingpong. Et fillt ee sech natierlech absolutt am Recht, well ee seet, ech sinn op eng kriminell Energie eragefall, mee Dir hutt awer vläicht op Ärer Säit net dat gemaach, fir dat ze verhënneren. An d'Bank seet: 'Nee, dat ass alles net richteg, wat Dir sot. Esou wéi et hei komm ass, dat ass jo wierklech negligent'."
Eng Sammelklo gëtt envisagéiert
D'Alice Pauly wëllt dat net op sech sëtze loossen an huet sech mat engen 30 aneren Affer vun esou Bedruchsfäll eng Grupp gegrënnt. Dat mam Zil fir der Bank een Zeechen ze setzen: Et musse méi Mesuren ergraff ginn, fir d'Clientë virun esou enger Fraude ze schützen.
Ufanks September wäert sech déi Grupp zesummesetze fir och hir Erfarung kënnen ze deelen. Wa méiglech wéilt een eng Sammelklo géint d'Bank areechen, esou nach d'Alice Pauly.