Zwar gouf et an an deene leschten 12 Méint, an deenen 3 Wale stattfonnt hunn, ëmmer erëm Vandalismusvirfäll bei de Walplakater uechter d’Land. Am Verglach zu de Gemengen-a Chamberwalen hunn d’Parteien awer d’Impressioun, datt et wärend den Europawalen hei am Land manner Vandalismus gëtt, esou d'Co-Presidentin vun déi gréng Djuna Bernard.
“Bei den Nationalwale ware mir, hat ech d’Gefill, relativ staark targéiert. Ech hunn awer elo fir d’Europawalen an de leschte Wochen dat Gefill lo net méi onbedéngt. Ech mengen, do ass jidderee relativ änlech vill betraff vu mol klenge Schmierereien.”
Esou de Constat vum Djuna Bernard, deen och d’ADR maache kann, wéi d’Alexandra Schoos op eis Nofro hi confirméiert huet.
Déi gréng waren zejoert besonnesch betraff. Dee markantste Virfall bleift wuel d’Aschosslach op enger Foto vun der Spëtzekandidatin Sam Tanson, betount nach d’Djuna Bernard.
Carole Hartmann: E Virgoen, dat een akzeptéieren dierf
Och d’DP huet Virfäll constatéiert, bei deene ganz Infrastrukturen erofgerappt goufen. Eppes, wat d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann, zesummen mat den anere Parteien, condamnéiert.
“Dat ass ee Beispill, wou ee soe kann, datt all Grenzen iwwerschratt goufen. An datt mir do net bei enger klenger Strofdot sinn. Dat ass schonn eppes seriöes, wat een net dierf akzeptéieren.”
Am Laf vum leschte Joer waren awer net all d’Parteien d’selwecht vill betraff. Bei der CSV zum Beispill wiere keng gréisser Vandalismusvirfäll festgestallt ginn, sou den CSV-Generalsekretär Alex Donnersbach.
“Mir haten ee méi prominente Fall bei de Gemengewalen zu Nidderaanwen, wou d’Bild vun engem jonke Kandidat e bëssen zerstéiert gouf. Mee vun deem eenzelne Fall ofgesi muss ee soen, datt et elo keng gréisser Problemer goufen.”
E Luef fir d'Walkampfofkommes
Och bei der LSAP kéint een d’Vandalismus-Virfäll op enger Hand ofzielen, sou den Tom Jungen. Den LSAP-Generalsekretär ass dankbar, datt een zu Lëtzebuerg am Verglach mam Ausland nach relativ verschount bliwwen ass.
“An dobäi kënnt, datt datt et jo och am Ausland deelweis Traditioun ass, datt eng Partei där aner hir Plakater zerstéiere geet. An ech mengen do ass et gutt, datt mir zu Lëtzebuerg déi Traditioun hunn, datt mir ee Walkampfofkommes hunn, wou déi traditionell Parteien sech engagéieren, een deem aneren seng Campagne ze respektéieren.”
Wärend dësem Europawalkampf sinn d’Walplakater uechter Lëtzebuerg awer net ganz verschount bliwwen. Op de soziale Medie bekloe sech ënnert anerem nach d’Piraten a Fokus iwwer Virfäll, bei deenen op de Fotoen d’Gesiichter vun de Kandidaten erausgeschnidde goufen.
Fir d’Beschiedege vu Walplakater gesäit de Code penal Geld- an esouguer Prisongsstrofe vir.