arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wall Street Journal dierf net mam Donald Trump a Schottland reesen

USA

|
headphones

1 min

Wall Street Journal dierf net mam Donald Trump a Schottland reesen

Den Donald Trump huet der amerikanescher Zeitung Wall Street Journal verbuede mat a Schottland ze reesen, wéinst engem rezenten Artikel iwwer Lienen tëschent dem US-President an dem verurteelte Sexualverbriecher Jeffrey Epstein.

headphones

1 min

© Bigstock / dennizn
(Foto: Bigstock / dennizn)

Dem Trump seng Spriecherin Karoline Leavitt sot, wéinst falschen an diffamatoresche Behaaptunge wier de Wall Street Journal net ënner den 13 Medien, déi den Donald Trump begleeden. Hie reest e Freideg fir e puer Deeg a Schottland.

Wéinst deem Artikel huet den Donald Trump de Wall Street Journal och wéinst Diffamatioun verklot. Hie fuerdert 10 Milliarden US-Dollar Schuedenersatz.