arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Walisesch Stad Monmouth iwwerschwemmt, a Portugal kennt eng Persoun ëm d'Liewen

Stuerm Claudia

|
headphones

1 min

Walisesch Stad Monmouth iwwerschwemmt, a Portugal kennt eng Persoun ëm d'Liewen

Wéinst dem Stuerm Claudia goufe grouss Deeler vun der walisescher Stad Monmouth hënnt iwwerschwemmt. No staarkem Reen war e Floss iwwert d‘Ufere gelaf.

headphones

1 min

Illustratioun Stuerm | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres
Illustratioun Stuerm (Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres)

Verschidden Awunner hunn aus hiren Haiser misse gerett ginn. Op véier Plazen am Südoste vu Wales gëllt weider déi héchst Héichwaasser-Warnung.

Iwwerdeems ass a Südportugal eng brittesch Fra vu 85 Joer wéinst dem Stuerm ëm d‘Liewe komm. Si war op engem Camping zu Albufeira an der Algarve, dee vu staarkem Wand getraff gouf. De Wand mat méi wéi 100 Kilometer an der Stonn geblosen. D‘Protection Civile mellt och 20 Blesséierter.