Déi orthodox Chrëschten an der Ukrain an a Russland feieren Ouschteren eréischt e Sonndeg. De Wolodymyr Selenksyj hat schonn zënter méi Laangem eng Wafferou fir Ouschtere gefrot. D'Mënsche géifen ee friddlecht Ouschtere brauchen, ouni Bedroung.
Virum Weekend nach massiv Dronenattacken
Eng grouss ugeluechten ukrainesch Dronenattack gouf et haut a Russland. Vum russesche Verdeedegungsministère heescht et 151 Drone wieren ofgeschoss ginn. Viséiert waren d‘Regioune Wolgograd a Rostow.
A Russland hu 25 Fluchhäfe missen zäitweis gespaart ginn. D‘Ukrain viséiert an de leschte Méint speziell déi russesch Pëtrolsindustrie. Déi russesch Pëtrolsexporter goufen dowéinst scho sensibel gestéiert.