Offiziellt Zil wier ënner anerem de Schutz vun der nationaler Sécherheet.
D'Reegel ass nach net a Kraaft. Se soll elo mol diskutéiert ginn. Se géif all déi Touriste betreffen, déi mat engem sougenannten ESTA an d'USA reesen. Dat ass eng Arees-Geneemegung ouni Visa fir Leit aus iwwer 40 Länner – dorënner och Lëtzebuerg.
Bis elo konnt ee beim ausfëlle vum ESTA seng Social-Media-Profiller op fräiwëlleger Basis uginn.