An England ass de Waassernoutstand ausgeruff ginn. D'Reservoire si momentan just nach zu 67 Prozent gefëllt.
Gravéierend Follge fir d'Landwirtschaft
Besonnesch d'Landwirtschaft leit ënner der Dréchent. Déi brittesch Landwirtschaftsvereenegung deelt mat, datt d'Perte an der Recolte fir verschidde landwirtschaftlech Betriber elo scho finanziell quasi de Ruin bedeit. Zu Yorkshire am Norde vun England dierf kee Waasser méi fir déi privat Bewässerung benotzt ginn.
Als Ursaach gëtt de Klimawandel genannt.