arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wa Stied an Dierfer ënner der Hëtzt leiden

Klimawandel

|
reading time

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Wa Stied an Dierfer ënner der Hëtzt leiden

An enger Stad ouni oder mat just wéineg Begréngung kënnen d’Temperaturenam Summer séier klammen. De Mouvement huet dës Ënnerscheeder mat enger Wärmebildkamera festgehalen. Bis zu 20 Grad Ënnerscheed konnt festgestallt ginn. 

reading time

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. | © picture alliance/dpa | Jens Kalaene
Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. (Foto: picture alliance/dpa | Jens Kalaene)

Wisou ass dat esou? D’Claire Wolff vum Mouvement écologique erkläert, datt Steng sech vill méi séier ophëtzen. Iwwerdeems gi Beem, iwwer sougenannten Transpiratioun, Waasser dat si aus de Wuerzelen ophuelen, iwwer d’Blieder nees of. Doduerch killt et ronderëm of. Beem maachen also net nëmme Schiet, mee killen aktiv d’Loft ronderëm sech.

Vegetatioun schaaft Mikroklima 

Obwuel d’Stad Lëtzebuerg vill schéin a gréng Plazen huet, géif de Bëton an de Makadamm iwwerweien, esou d’Claire Wolff. D’Stad Saarbrécken wier do e Beispill mat villen ale Beem, déi erhale goufen. 

Um Lampertsbierg ronderëm den Tram géif ee gutt gesinn, wisou et net duer geet Beem nozeplanzen. Et misst een den Zäitraum, deen si brauche fir ze wuesse mat akalkuléieren. 

Et wier wuel en Ëmdenken do, ma et wier awer ze lues, esou d’Claire Wolff. Bei der Stadtplanung misst vun Ufank u méi gréng geduecht a geplangt ginn. 

3-30-300-Reegel bei der Planung vun enger Stad

Bei der Duerchgréngung vu Stied gëtt et d’3-30-300-Reegel. Déi beseet, datt all Persoun aus hirem doheem 3 Beem soll gesinn, 30 Prozent am Quartier solle vu Beem bedeckt sinn an et sollt ee maximal 300 Meter musse goe bis een op enger grénger Plaz ass. 

Zuele wéi Lëtzebuerg dobäi ofschneit, gëtt et net. 

Sozial gerecht 

De Mouvement écologique plädéiert fir eng sozial Komponent beider Duerchgréngung vu Stied. Grad Leit mat geréngem Akommes wunnen dacks a Quartiere mat wéineg grénge Flächen a hu méi seelen en eegene Gaart. 

Jardin d’horreur 

En anere wichtege Punkt am Kader vun der Begréngung an enger Stad sinn d’Schottergäert. Also Virgäertercher an deene just Steng leien. Dat wiere kleng Hëtztinselen, seet d’Claire Wolff. 

Verschidde Gemenge gi mëttlerweil schonn de Wee fir de Leit Subsiden ze ginn, fir datt si dee Schottergaart nees an e richtege Gaart ëmbauen: Méi Planzen, méi faarweg, méi Liewen – méi Biodiversitéit. 

Et wäert an Zukunft méi waarm ginn, méi Leit wäerten ënnert der Hëtzt leiden oder esouguer stierwen dowéinst misst ee mat alle Mëttele probéieren d’Stied méi agreabel ze gestalten, esou nach d’Claire Wolff am 100,7-Interview.

play_arrow Lauschteren