Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Let In Outside

play_arrow Live
search

/ Vun no der Ouschtervakanz 2025 un: Handyverbuet a Grondschoulen a Maison-relaisen

Educatioun

Vun no der Ouschtervakanz 2025 un: Handyverbuet a Grondschoulen a Maison-relaisen

An alle Grondschoulen a Maison-relaise gëllt vun no der Ouschtervakanz 2025 un den integrale Verbuet vu Smartphonen. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch op senger 11. Rentrées-Pressekonferenz ugekënnegt. Dat néidegt Reglement fir dëse komplette Verbuet soll an den nächste Méint ugepasst ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Am Klassesall kann den Handy eng grouss Oflenkungsgefor duerstellen. | © Adobe Stock play_arrow
Foto: Adobe Stock

Mat den ugekënnegte Moossname soll eppes géint een iwwerdriwwe Gebrauch vum Smartphone a vun de soziale Medien ënnerholl ginn, hofft de Claude Meisch. Et geet him ëm déi negativ Auswierkunge vun der “neier digitaler Realitéit”.

"Et ass net d’Technik, déi mir als solch verdäiwelen, mee et ass eng exzessiv Notzung, eng schlecht Notzung vun der Technik, géint déi mir hei wëlle virgoen. Da wann den Ecran oder Social Media zum zentrale Liewensinhalt fir ee Jonke gëtt."

Och den "Handy-Hotel" zielt net

D’Zil wier eng “gutt Balance tëschent dem Digitalen an dem richtege Liewen”. Fir dat ze erreeche gëllt also vum 21. Abrëll 2025 un ee komplette Smartphone-Verbuet fir déi méi jonk Schüler. "Kee Smartphone an der Grondschoul, kee Smartphone an der Maison Relais", esou de Claude Meisch.

"Am Lycée wäerte mir kloer maachen, datt all Lycée an all Klass ee Prinzip muss respektéieren. Dann, wa Cours gehale gëtt, ass keen Handy. Dat heescht net nëmmen, datt en ënnert der Bänk ass, mee dat heescht, datt eng physesch Distanz tëscht dem Schüler a sengem Smartphone muss ginn."

Dat géing och bedeiten, datt den Handy net an engem "Handy-Hotel" nieft der Tafel däerf hänken, huet de Claude Meisch betount.

"Beluecht duerch wëssenschaftlech Etüden ass et sou, datt aleng de visuelle Kontakt rëm eng Kéier oflenkt, well et kéint jo iergendeppes do opblëtzen. Et kéint jo iergendeen mir eppes geschriwwen hunn an dat dekonzentréiert de Schüler nees eng Kéier."

Gläichzäiteg sollen do “analog Aktivitéiten” ausgebaut ginn, huet de Minister ugekënnegt.

Ëffentlech Campagne zur “Screen-Life-Balance” kënnt Enn September

D’Gläichgewiicht tëschent den Ecranen an der realer Welt soll zur absolutter Prioritéit fir dat nächst Schouljoer ginn. An deem Sënn wäerten et och an de Lycéeë Changementer bei der Notzung vum Handy ginn: Wärend dem Cours soll et eng physesch Distanz tëschent de Schüler an hirem Smartphone ginn. "An dat ass eppes, wat all Schoul wäert applizéieren", betount den DP-Politiker.

D’Lycéeë kënnen an der Autonomie weider Agrenzunge fir d’Notzung vum Smartphone aféieren, huet de Claude Meisch erkläert. Dëst kéint - grad wéi an de Grondschoulen - och zu engem allgemengen Handyverbuet féieren.

An zur Fro, wéi d’Schoulpersonal mat hirem Smartphone soll ëmgoen, huet den Educatiounsminister och eng kloer Meenung.

"Natierlech kënnt eng privat Notzung wärend enger Schoulstonn vum Handy eigentlech net a Fro."

An Enn September soll eng grouss ëffentlech Campagne zur “Screen-Life-Balance” ufänken, fir och d’Elteren ze informéieren.

Donieft huet de Minister Claude Meisch haut ënner anerem nach ugekënnegt, datt de Gesetzprojet iwwert de Jugendschutz dëst Joer soll finaliséiert ginn. Vun der Rentrée 2026-27 u soll all Kand d’Méiglechkeet kréien, seng Alphabetiséierungssprooch Däitsch oder Franséisch kënnen ze wielen. A wéinst der grousser Demande solle bis 2028 dräi weider ëffentlech Europaschoulen opgoen, esou den DP-Politiker.

Lauschterenplay_arrow