Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Vun e Freideg u si Grenzkontrollen op der franséich-lëtzebuergescher Grenz

Impakt soll kleng gehale ginn

Vun e Freideg u si Grenzkontrollen op der franséich-lëtzebuergescher Grenz

Vun haut Freideg u mécht och Frankräich nees temporär Grenzkontrolle mat senge 6 Nopeschlänner, dorënner Lëtzebuerg.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / dpa | Patrick Seeger

Et ass net kloer wéi dës Kontrollen an der Praxis ëmgesat ginn. Déi franséischen Autoritéite soten, den Impakt soll esou kleng wéi méiglech gehale ginn. De Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden huet betount, datt säi franséischen Homolog him verséchert hätt, datt d‘Kontrolle just op Niewestroosse bei de Grenze limitéiert ginn, an net op der Autobunn A31/A3 tëscht Metz a Lëtzebuerg solle sinn.

Déi franséisch Regierung hat Grenzkontrolle viru gutt zwou Woche bei der EU Kommissioun ugemellt. Als Grënn goufe Sécherheetsrisike genannt, dorënner Terrorismus an léi illegal Immigratioun.