Den Educatiounsminister Claude Meisch confirméiert a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Max Hengel, datt de Lënster Lycée keng 7e-Klassen am Secondaire général méi ubidde wäert.
Dem Minister no kéint den niddregen Interessi um Secondaire général och mat der Proximitéit zur Stad ze dinn hunn, wou d‘Schüler méi e breede Choix un ESG-Klassen a verschidde Lycéeën hunn.
De Rescht vun der schoulescher Offer am Lënster Lycée bleift bestoen. De Minister weist och drop hin, datt déi europäesch Klassen am Secondaire souwuel fir Schüler, déi an de Classique, wéi och fir Schüler, déi an de General orientéiert goufen, op stinn.