Virop sollen déi reegelméisseg medezinesch Ënnersichungen an der Schoul däitlech reduzéiert ginn, dat ass eng vun den Haaptrecommandatiounen aus enger Etude iwwer d’Schoulmedezin, déi déi viregt Regierung bei engem Schwäizer Expert an Optrag ginn hat an déi viru véier Méint vun der Gesondheetsministesch presentéiert gouf. Aktuell gesäit d’Gesetz vir, datt an der Schoulmedezin all zwee Joer verschidde Parametere bei de Kanner gekuckt ginn, esou d’Martine Deprez.
"De Professor Michaud huet zum Beispill virgeschloen, amplaz all zwee Joer just all véier Joer ze huelen, an déi Ressourcen, déi da fräi gi fir aner Saachen ze benotzen.“
Zum Beispill fir déi sozial Begleedung an déi mental Gesondheet vun de Kanner, erkläert d’Martine Deprez.
"Dat heescht, datt déi solle vu Klengem un drop getrimmt ginn op hire Kierper opzepassen, op hir mental Gesondheet opzepassen.“
Service Médecine scolaire gesäit manner systematesch Ënnersichunge kritesch
Datt dofir manner systematesch medezinesch Ënnersichunge solle gemaach ginn, gesäit d‘Dokter Françoise Fandel, Responsabel vum Service Médecine scolaire vun der Stad Lëtzebuerg, ganz kritesch.
"Fir de Fondamental op jiddwer Fall. Mir hunn d’Erfarung gemaach mat Covid. Zwee Joer hu mir net ënnersicht, a mir lafen deenen zwee Joer hannendrun.“
Fir si wier bei enger Reform vun der Schoulmedezin och wichteg, datt iwwer déi kleng Kanner geschwat gëtt. Dat wier aktuell keen Theema an och net am Rapport vum Schwäizer Expert dran, bedauert d’Dokter Françoise Fandel.
Nach ze fréi fir iwwer zousätzlech Ressourcen ze schwätzen
Fir ze kucke wéi déi Recommandatiounen aus der Etude sollen ëmgesat ginn, wëllt d’Gesondheetsministesch iwwer de Summer eng Feuille de route auschaffen a vu September u mat all den Acteure vum Terrain schwätzen. Ob et zousätzlech Ressourcë brauch fir d’Konzept vun der Santé scolaire ëmzesetzen, konnt d’Martine Deprez net soen.
"Esou wäit si mer nach net. Mir hunn nach net d’Tâche-Beschreiwung gemaach. Mir hunn nach net de Plan de Travail vun deenen eenzele Leit ausgeschafft."
Fir d‘éischt misst ee mol all d‘Acteure bäienee kréien, duerno misst een da kucken, wéi vill Leit een eventuell zousätzlech brauch, esou d‘Gesondheetsminsiterin.
D'Iddi ass net nei
Nei ass d’Iddi vun der santé scolaire net. 2007 hat d’CSV-LSAP-Regierung ee Reformprojet virgestallt fir d’Schoulmedezin ze reforméiere mam Titel: De la médecine scolaire vers la santé scolaire. No laangen Echangë mam Terrain wier 2011 iwwer ee Règlement grand-ducal d’Médecine scolaire nei gereegelt ginn a Richtung santé scolaire, seet den deemolege Gesondheetsminister an LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo. Dat Konzept vun der aktueller Regierung wier also net nei, esou den LSAP-Deputéierten.
Et wier dem Terrain onrecht gedoen, wann een et elo géif duerstellen, wéi wann d’Santé scolaire elo an Zukunft eréischt géif erfonnt ginn, esou de Mars di Bartolomeo.