Den Aktiounsplang ass an 10 Punkten opgedeelt. Et géif vun engem Basisverständnis vun der Ekonomie, wéi zum Beispill d‘Verständnis vu Finanzbegrëffer wéi „Inflatioun“, iwwer ee sougenannte Finanzführerschein bis hin zu spezialiséierte Sektioune ronderëm d‘Finanzwelt goen.
Finanziell Bildung wier eppes wat all Alter ugeet, sot den Educatiounsministerr Claude Meisch.
“Wat ee brauch, souwuel am private Beräich wéi och am gesellschaftleche Beräich als verantwortleche Bierger geet et drëms, fir selwer verantwortlech mat Geld ëmzegoen, fir finanziell Zesummenhäng kënnen ze verstoen, fir souwuel fir den alldeegegen Ëmgang mat Suen, wéi awer och fir seng eege Choixen ze huelen, seng eege finanziell Choixen kënnen ze huelen."
Et géif och drëm goen, fir Risiken ze erkennen an domat Iwwerverschëldung ze vermeiden. Grad Online géifen et vill Gefore ginn, esou de Claude Meisch.