Wien schonns eemol op engem Ryvage-Concert war, oder dem Sam Reinard seng Contributiounen zu anere Konschtprojete kennt, weess et: Ryvage ass een iwwergräifende kënschtleresche Projet. Virrangeg besteet deen aus danzbarer an och ganz roueg nolauschterbarer Musek - mee och d’Gesamtkonzept muss ëmmer stëmmen. Alles gräift aneneen.
Vum Heemstudio op d’Bün an doriwwer eraus
Do gehéiert eng staark visuell Identitéit dozou, ëmgesat vum Jeff Poitiers, déi d’Musek wéi vun Zauberhand a visuell Erfarunge wéi Poschetten a Poustere verwandelt. Dat selwecht gëllt fir d’Videoclips, ouni Ausnam realiséiert vum Kameramann, Video-Editeur a Regisseur Ted Kayumba. Dem Haaptmann seng dynamesch an akribesch geplangte Live-Performance gëtt dobäi mat Luuchte vum Denis Natalis, an enger LED-Installatioun vum Sacha Hanlet alias Them Lights an Zeen gesat: zesumme mat der staarker Musek een Erliefnes fir d’Sënner.
Ugefaang huet Ryvage allerdéngs, wéi vill elektronesch Projeten, bescheiden: mat engem Mënsch a senge Museksmaschinnen, installéiert an engem klenge, moduléierbaren, “portabele” Studio, deen ënnerwee, doheem oder sengem Proufsall an der Escher Kulturfabrik existéiere kann. Eng perséinlech Hallefinsel am Floss vum Liewen, ee portabele Peninsula Studio, wéi een et op verschiddene Verëffentlechunge verzeechent gesäit. Et ass domat ee “Bedroom”-Projet souzesoen, deen Enn des leschte Joerzéngt, ëm d’Joer 2017, fir d’éischt seng Flilleke gestreckt huet.
De Soundpath – Eng eenzegaarteg Manéier ze erzielen
Ausgangspunkt fir seng Stécker sinn oft Momentopname vun Toun, déi mat Plazen a Momenter verbonne sinn, sougenannte “Field Recordings”, déi dann elektronesch verschafft a mat méi traditionelle Synthesizerkläng a Beats vervollstännegt ginn.
Mat Singele wéi „Mountains and Valleys“, 2018, oder „Tulipe“ 2020, huet de Projet sech dunn weider entwéckelt a konkretiséiert. An dunn war d’“Schlofzëmmer” iergendwann net méi grouss genuch.
Ee groussen Héichpunkt an der Ryvage-Geschicht war de Projet “Nightsongs”, eng musikalesch Erzielung a Form vun engem Parcours um Site Belval, deen nuets ze begoe war an 2022 als Deel vun Esch Kulturhaaptstad entstanen ass. An him weist sech dem Museker seng Passioun fir d’Geschichtenerzielen. All d’Museken an Texter waren dach enk mat der Minettsmetropole hirer stolener Geschicht verbonnen. Een Ausdrock vun der Stëllt, déi d’Enn vun der Stolproduktioun um Site hannerlooss huet, wann d’Nuecht d’Stroossen um Belval eidel a roueg mëscht. Eng Plaz fir Erënnerungen, fir Bewosstmaachung. Dem Projet läit allerdéngs och eng Reflektioun iwwert eis Consommatiouns-Gewunnechte zugronn, besonnesch, mee net nëmmen, wann et em Musek geet. „Fir d‘Stéck ze héieren, huet ee missten zum richtege Moment op der richteger Plaz sinn.“ Dat geet eiser Gewunnecht entgéint, datt Musek - wéi ee Krunn dee leeft – ëmmer disponibel ass.
D’Stëllt vun den Nuechtstonnen
A dann ass nach d’Nuecht ee wichtegen Aspekt vum Ryvage-Universum. Net zoufälleg sinn op “Nightsongs” zwee Extended Player gefollegt, déi den Titel “Les Nuits” droen (Deel I an Deel II)… Mee firwat sinn da grad déi däischter Stonnen esou faszinéierend, an esou wichteg am Ryvage senge Kompositiounen?
„An der Nuecht ass Stëllt fir Gedanken ze héieren, positiver oder negativer, Rou oder Tiermen“.
De Prozess ass also hei den Haaptinterêt um Wee zu Destinatiounen, déi fluid bleiwen – ee Floss, an der Gitt gehale vun engem Ufer, wéi den Numm et virschwiewen deet. Kollaboratioun ass een essentiellen Deel vun dësem Prozess. D’Lëscht vun den Zesummenaarbechten ëmfaasst Lëtzebuerger an international Kënschtler:innen, Jazzmuseker an Elektroniker, Co-Komponisten a Remixer, an esouguer eng Dänzerin: Cehashi, Pascal Schumacher, Baptiste Lagrave, Them Lights, Madben, Sun Glitters, Pol Belardi, d’Dänzerin Jill Crovisier, etc. sinn hei just e puer Beispiller.
De Projet weider entwéckelen
Den Eurosonic ass ee Showcase Festival, deen net nëmmen déi schéi Méiglechkeet bitt, ee gutt encadréierte Concert ze spillen, mee och d’Chance, de Projet a senger professioneller Opstellung weider ze entwéckelen.
„Ech erhoffe mir meng Musek méi wäit kënnen ze bréngen, wat d’Releasen, de Live an och d’Kollaboratiounen ugeet. Et wier schéin, aner DJen a Museker ze fannen, mat deenen ech de Projet ka weiderspannen.“
Professioneller aus der europäescher Museksindustrie wäerten sech do Ryvage kënnen ukucken a lauschteren, an et gi potenziell Opportunitéiten ze faassen.