An de leschte 5 Joer wier d‘Populatioun vu 14 Zorte vu Brutvillercher hei am Land ausgestuerwen. Dorënner déi vum Bëschhong a vum Wuechtelkinnek. 7 wiere kritesch bedreet an 8 staark a Gefor, wéi zum Beispill d‘Schleiereil an de Feldspatz Grënn dofir si virun allem eng Verschlechterung vun de Liewensräim a Verännerungen duerch d‘Klimakris.
Allerdéngs hätt sech de Bestand vu verschiddenen Zorte vu Villercher duerch geziilt Schutzprojete kënne verbesseren, esou nach natur&ëmwelt.