arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vucic dreet Demonstrante mat haarde Konsequenzen

Serbien

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Vucic dreet Demonstrante mat haarde Konsequenzen

Zënter 5 Deeg sinn a Serbien op en Neits hefteg Demonstratiounen amgaang. De Weekend goufen ënner anerem d’Büroe vum President a senger Partei SNS a Brand gesat. Sécherheetskräfte géifen iwwerdeems mat Matraquen an Tréinegas géint Demonstrante virgoen, mellen vun Aktivisten.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Georgi Paleykov
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Georgi Paleykov)

De President Vucic geheit den Demonstranten “rengen Terrorismus” vir. D’Leit géife mat Hëllef vum Weste probéieren d’Land ze destabiliséieren. Beweiser fir seng Behaaptunge nennt de President dobäi net.Regierungskritiker geheien him iwwerdeems vir, fir déi Gewaltausbréch zoustänneg ze sinn. Si soen, hie géif selwer d’Attacken op Protestbeweegungen orchestréieren.

D’Lescht Woch hu Supporter vun der Regierungspartei Demonstrante mat Matraquen attackéiert. D’Police stoung niewendrun an hat net agegraff, heescht et aus Medieberichter. Dat hätt zur Eskalatioun vun de Protester an ville Stied gefouert. Op de soziale Reseaue courséiere Videoen, déi weisen, wéi Sécherheetskräfte mat Matraquen op Demonstrante schloen, déi um Buedem leien.

Kritiker geheien der Vucic-Regierung Korruptioun vir

Mat juristesche Konsequenze mussen d’Poliziste wuel net rechnen, fäerten Observateuren. 130 Poliziste wiere bis Sonndeg verletzt ginn, sot de Vucic a senger Usprooch op der Tëlee. Offiziell Donnéën zu verletzen Demonstranten an Demonstrantinne gëtt et keng.

Zënter 10 Méint protestéiere Regierungskritiker géint den Aleksander Vucic a seng Regierung. Ausléiser war den Daach vun enger Gare zu Novi Sad, deen den 1. November zejoert agestierzt war. Dobäi war deen Daach frësch renovéiert – 16 Mënsche waren ëm d’Liewe komm. Onofhängeg  Experten an d’Oppostition maachen d’Korruptioun vun der Vucic-Regierung dofir verantwortlech. Regierungskritiker geheien der Regierung iwwerdeems een autoritäre Féierungsstil vir a fuerdere virgezunnen Neiwalen.

play_arrow Lauschteren