De Premier hat trotz sengem Versprieche beim Budgetstext awer den ëmstriddenen Artikel 49.3 agesat, fir den Text ouni Vott duerch d’Parlament ze bréngen. Dowéinst haten d’Oppositiounsparteien La France Insoumise (LFI) a Rassemblement National (RN) lescht Woch alt nees zwee Mësstrauensvotten agereecht.
Awer och um Dënschdeg krute si keng Majoritéit.
Mat Ënnerstëtzung vun de Sozialisten
Entscheedend war och dës Kéier d’Decisioun vun de Sozialiste géint eng Chute. Si géingen de finale Budget zwar net guttheeschen, wéilten awer och e Wee aus der Sakgaass beim Budget fannen, esou d’Sozialistin Océane Godard an der Assemblée.
De Lecornu bleift also am Amt an de Budgetstext geet weider un de Sénat. Hei hu Les Républicains (LR) d’Majoritéit an hu schonn ugekënnegt, den Text um Mëttwoch ze rejetéieren.
De Premier wäert da wuel nach eng Kéier den 49.3 benotze fir den Text endgülteg duerch d’Parlament ze boxen. Och hei wäert hie sech op Mësstrauensvotte mussen astellen.
Chaos huet seng Spueren hannerlooss
De Chaos ronderëm de Budget an der Assemblée huet awer och Spueren hannerlooss. D’Gauche ass wéinst der Haltung vun de Sozialiste gespléckt. E Sondage am Optrag vu Public Sénat weist och, datt 51 Prozent vun de Befrote gleewen, datt dës Episod LR, LFI an och de Premier geschwächt huet.
Fir déi Befroten huet den RN sech mam mannsten Imageschued aus der Affär gezunn.
De Premier Lecornu kann op alle Fall net zefridden si mat sengen Zoustëmmungswäerter. 65 Prozent halen hie fir kee gudde Premier, och wann d’Land no laange Méint endlech e Budget kritt.