arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Votum Klima fir ambitiéis Ziler bei COP

Weltklimakonferenz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Votum Klima fir ambitiéis Ziler bei COP

Am Virfeld vun der Weltklimakonferenz zu Belem a Brasilie, fuerdert d’Plattform Votum Klima, datt sech d’Lëtzebuerger Delegatioun op der Konferenz fir ambitiéis Ziler engagéiert. D’Situatioun géif ëmmer méi dringend ginn, an an de leschte Joren wier ze wéineg géint de Klimawandel gemaach ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Votum Klima Manifestatioun | © 100,7
Votum Klima Manifestatioun (Foto: 100,7)

Fir dass d’Situatioun net nach méi schlëmm géif gi wéi bis ewell, wier et ëmsou méi wichteg op der Klimakonferenz um 1,5 Grad Zil festzehalen, erkläert d’Altynaï Bidaubayle vu Greenpeace Lëtzebuerg. 

1,5 Grad Zil 

D’ 1,5-Grad-Zil seet, dass d’Äerd sech am Verglach zur pre-industrieller Zäit net ëm méi wéi 1,5 Grad erwierme soll. Et wier wichteg, datt d’Länner ambitiéis bleiwen a gläichzäiteg och eng gerecht Energie-Transitioun, ewech vun de fossilen Energien, hikréien, erkläert si:

C'est dès maintenant que les États doivent s'engager pour une sortie juste et équitable de ces énergies fossiles. Et cela nécessite qu'à la COP30, ils reconnaissent le manque d'ambitions qu'on a actuellement pour atteindre ces 1 ,5 degré, mettant en œuvre tout ce qui est nécessaire et à disposition à la COP30 pour pallier à ce manque d'ambitions.

Finanzement vun Energie-Transitioun

Fir dass d’Energie-Transitioun funktionéiert, misst een och iwwert de Finanzement dovun nodenken, erkläert de Raymond Klein vun der ONG Action Solidarité Tiers Monde. Hie gesäit virop d’Länner aus dem globalen Norden an der Flicht, fir déi méi aarm Länner ze ënnerstëtzen:

An eng gerecht "Klimafinanz", dat ass, datt ee kucke geet, wat d'Schied sinn, dass ee kucke geet, wat muss gemaach ginn, fir weider Schied ze verhënneren. An natierlech och déi Transitioun, an dass een dat an deem nämmlechte Geescht, wou ee versicht de Klimawandel ze begrenzen, och global zesummen eeben e Finanzpool mécht, wou déi Länner, déi et kënnen dropbezuelen an déi Länner, déi net d'Moyenen hunn, eppes erauskréien.

Latäin-amerikanesch Bevëlkerung

D’Vertrieder vu Votum Klima hunn Hoffnungen, datt d'nächst Woch op der Klimakonferenz ambitiéis Ziler decidéiert ginn. Brasilie wier e credibelt Land, wat géint de Klimawandel wéilt virgoen. An et géif een sech och e groussen Afloss vun der latäin-amerikanescher Zivilbevëlkerung erwaarden, esou nach de Raymond Klein.

Votum Klima ass eng Plattform déi sech aus 15 Lëtzebuerger ONG’en zesummesetzt a virun allem an de Beräicher Klima an Energiepolitik aktiv ass.

 

play_arrow Lauschteren