16,5 Prozent vun den Erwuessenen zu Lëtzebuerg sinn obèse. Dat entsprécht all Sechstem. Et kann ee mëttlerweil als vun enger Vollekskrankheet schwätzen, mat Betounung op Krankheet. Dat ënnersträicht och den Dokter Rudy Caillet. Hien ass Médecin-nutritionniste am Centre Spécialisé de l’Obésité zu Stroossbuerg. Doriwwer eraus ass hie Sekretär bei der LASO, Association nationale traitant de l'obésité au Luxembourg.
D'Geene spillen eng grouss Roll
Zënter enger 30 Jore wier et bekannt an unerkannt, datt d'Obesitéit eng Krankheet ass, seet den Dr. Rudy Caillet. Dat läit virun allem dorunner, datt Fettleibegkeet zu engem groussen Deel geneetesch bedéngt ass. Dofir ass et falsch, Obesitéit direkt enger schlechter Ernärung zouzeschreiwen. Déi Theorie wier "largement dépassée", esou de Rudy Caillet. Hie betount, datt Obesitéit multifaktoriell ass. D'Alimentatioun spillt eng Roll, virun allem Zousazstoffer, mee och Facteure wéi Stress an eeben d'Geenen. D'Reaktioun vum Kierper: Energie ënner der Form vu Fett ofzespäicheren.
Natierlech bleift et fir déi allgemeng Gesondheet weiderhi wichteg, datt ee sech gesond ernäert, oder och reegelméisseg Sport mécht. Grad kardiovaskulär Problemer kann een esou miniméieren. Mee et wier falsch ze soen, datt Leit, déi ënner Obesitéit leiden, ganz eleng dru Schold sinn, betount de Spezialist.
Eng onheelbar Krankheet?
Dee wuel bekanntste Facteur fir Obesitéit ze moossen ass de BMI, de Body-Mass-Index. De Rudy Caillet weist awer drop hin, datt deen Index u sech am Rapport zu enger ganzer Populatioun gekuckt muss ginn. An den 1950er Joren hunn amerikanesch Assurancen ugefaangen, de BMI ze notzen, fir deen Aspekt vun der Gesondheet vun hire Clienten ofzeschätzen. Haut gëtt all Persoun méi prezis an individuell gekuckt. Wichteg ass et zum Beispill ze kucken, wou genee um Kierper sech Fett ofsetzt. Dee ganze Volet vun der Medezin wier awer nach "vill diskutéiert", esou den Ernärungsspezialist.
A propos USA: Wéi ass et dann, datt an Amerika d'Leit tendenziell méi vun Obesitéit betraff sinn, wéi beispillsweis an Europa oder Asien? Dat géing net just un den Iessgewunnechte leien, mee eeben och un de villen Zousazstoffer, déi am Iessen ze fanne sinn.
Wann et also eng Krankheet ass, kann ee se dann och heelen? Nee, seet de Rudy Caillet. D’Gewiicht bleift ee Symptom vun der Krankheet. Et kann een d'Gewiicht zwar reduzéieren, mee dofir gëllt een nach laang net als geheelt. Et kann een d'Krankheet also just behandelen. Do ginn et mëttlerweil Medikamenter, déi geziilt verschidden Hormoner viséieren, fir esou beispillsweis den Honger ze reduzéieren. Op dës Manéier kéint ee bis zu 25 Prozent vum Kierpergewiicht verléieren.
(Nach) kee Remboursement bei de Medikamenter
Aktuell ginn dës Medikamenter awer nach net vun de Krankenassurancë rembourséiert. Ignoréieren dës de Problem? Oder erkenne si Obesitéit nach net als Krankheet un? Den Dokter Rudy Caillet erkläert, datt dëst eng normal Entwécklung ass. Vill nei Erkenntnisser sinn eréischt an de leschten 20 Joer komm, an d'Medikamenter nach méi rezent. Dobäi kënnt, datt d'Gesellschaft Obesitéit nach net ganz als Krankheet ugesäit. Mee mat der Zäit wäert dat awer de Fall sinn, an da wäerten och d'Assurancë sech upassen. Do ass sech de franséischen Dokter sécher.
Den Traitement bleift awer deier. Zu Lëtzebuerg oder a Frankräich kascht et pro Mount ëm déi 200 Euro. An den USA beispillsweis bis zu 1.000 US-Dollar.