arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Virwërf vu Vergewaltegunge vu Patientinnen: Prozess géint Fraendokter

Justiz

|
headphones

1 min

Virwërf vu Vergewaltegunge vu Patientinnen: Prozess géint Fraendokter

Um Stater Geriicht huet de Prozess géint e Fraendokter aus der Stad ugefaangen. De Medezinner kritt Attentats à la pudeur géintiwwer a Vergewaltegunge vu véier Patientinne virgehäit.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

De Mann soll "net appropriéiert" Technike gebraucht hunn, fir Fraen ze ënnersichen. 

Déi reprochéiert Faite ginn op den Zäitraum vun 2013 bis 2018 zeréck a sollen am Kader vu Consultatiounen am Dokteschcabinet geschitt sinn.

De Gynekolog hat Plainte wéinst Falschausso géint d’Frae gemaach, déi awer all verworf goufen. Dëse Prozess ass op véier Deeg ugesat.