arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virwërf vu Spionage: US-Bierger a China festgeholl

International

|
reading time

1 min

Virwërf vu Spionage: US-Bierger a China festgeholl

E puer Wochen no der Visitt vum US-President a China huet Peking elo d’Festnam vun engem US-Bierger Ufank Juni confirméiert. De Mann hätt déi national Sécherheet a Gefor bruecht, heescht et vu China.

reading time

1 min

Peking, China | © picture alliance / photothek.de | Felix Zahn
Peking, China (Foto: picture alliance / photothek.de | Felix Zahn)

Chineeseschen Aussoen no, ass och d’US-Konsulat zu Guangzhou iwwer de Fall informéiert ginn. D’Rechter vum Betraffene géifen dobäi respektéiert ginn.

D’New York Times hat schonn driwwer bericht. De Mann soll d’lescht Woch an der Stad Kunming am Südweste vu China festgeholl gi sinn. Hie wier e Politikwëssenschaftler a Leeder vun enger Fuerschungsgrupp aus Yangon am Myanmar, esou d’New York Times.

Vill US-Bierger a China inhaftéiert

D’Festnam gëtt e puer Wochen nom Besuch vum US-President Donald Trump zu Peking bekannt. Schonn am Virfeld vun där Rees haten Aktiviste gefuerdert, datt d'Situatioun vun inhaftéierten US-Bierger a China soll ugeschwat ginn.

No Informatioune vum China-Ausschoss am US-Kongress sollen 2024 ronn 200 US-Bierger a China agespaart gewiescht sinn. Dës Zuel baséiert op Donnéeë vun der US-Stëftung Dui Hua, déi sech op politesch Gefaangener a China spezialiséiert huet.

Zu de bekanntste Fäll zielen d’US-Biergerin Dawn Michelle Hunt, déi zënter 2014 wéinst engem Drogeschmuggel-Fall am Prisong sëtzt – An dee soll si der Famill no onwesentlech gerode sinn. En änleche Fall ass den US-Amerikaner Nelson Wells Jr., deen no de selwechten Informatioune méi wéi zéng Joer a China inhaftéiert war.