arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virun der Côte vu Saudi-Arabien, am Roude Mier, steet e Pëtrolstanker a Brand

Saudi-Arabien

|
reading time

1 min

Virun der Côte vu Saudi-Arabien, am Roude Mier, steet e Pëtrolstanker a Brand

D‘Schëff wier vun engem onbekannte Projektil getraff ginn, doduerch wier e Feier ausgebrach. Den Equipage wier awer gerett ginn an et géif och keen Impakt fir d‘Ëmwelt ginn.

reading time

1 min

Pëtrolstanker (Symbolbild) | © EPA/OLIVIER HOSLET
Pëtrolstanker (Symbolbild) (Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

D‘Huthi-Rebellen am Jemen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, hunn an der Lescht ëmmer erëm Schëffer beim saudi-arabeschen Hafe vu Yanbu viséiert. Vun deem Hafen aus fueren déi meeschte Schëffer fort, zënter dem Blockage vum Mierespassage vun Hormus.