arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Virun 80 Joer hunn d'USA eng Atombomm op Hiroshima erofgeheit

Japan

|
reading time

1 min

Virun 80 Joer hunn d'USA eng Atombomm op Hiroshima erofgeheit

An der japanescher Stad Hiroshima gouf de Moien um véierel op 8 Lokalzäit eng Gedenkminutt observéiert. De 6. August 1945, um véierel op 8 moies, haten d'USA eng Atombomm op Hiroshima erofgeheit.

reading time

1 min

© EPA/JIJI PRESS
(Foto: EPA/JIJI PRESS)

Haut sinn dat genee 80 Joer hier. Ronn 140.000 Leit waren dobäi ëm d'Liewe komm. Bei enger Gedenkzeremonie huet de Buergermeeschter vun Hiroshima déi nei Generatioun opgeruff weider géint Atomwaffen ze kämpfen.

Dräi Deeg no Hiroshima haten d'USA eng zweet Atombomm op d'Stad Nagasaki erofgeheit. Ronn 74.000 Mënsche waren dobäi ëm d'Liewe komm.

Déi zwou Atombommen hunn d'Enn vum Zweete Weltkrich markéiert. Et war bis elo déi eenzeg Kéier, datt Atombomme wärend engem Krich agesat goufen.