Do soll och den ukrainesche President Selenskyj a weider europäesch Regierungscheffen dobäi solle sinn.
Geplangt wier eng Videokonferenz, wou iwwert en Enn vum Ukrainkrich soll geschwat ginn.
Do virdru wier och nach e virtuelle Meeting mat de Staats- a Regierungscheffen aus Frankräich, Groussbritannien, Italien, Polen a Finnland geplangt, un deem och d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, den Nato-Generalsekretär Mark Rutte an de Wolodymyr Selenskyj sollen deelhuelen.
USA schaffen un Treffen tëschent Selenskyj a Putin
D'USA géifen och dru schaffen eng Entrevue tëscht dem Donald Trump, dem Wladimir Putin an dem Wolodymyr Selenskyj op d‘Been ze stellen. Dat seet den US-amerikanesche Vize-President JD Vance. Virun allem d'Europäer hunn insistéiert, datt déi ukrainesch Säit bei de Gespréicher och misst derbäi sinn.
Dem Vance no hätt den Trump erreecht, datt de Putin bereet wier fir Gespréicher mam Selenskyj, eppes wat dee bis elo strikt refuséiert hat.
E Freideg wëllen den Donald Trump an de Wladimir Putin am US-Staat Alaska iwwert e méiglecht Enn vum Krich verhandelen. De Wolodymyr Selenskyj gouf net invitéiert, et wier awer net komplett auszeschléissen, datt den ukrainesche President awer nach invitéiert kéint ginn, sot den amerikaneschen NATO-Ambassadeur.
Virum Treffe kommen haut um Méindeg och d‘EU-Ausseministere fir eng ausseruerdentlech Video-Konferenz zesummen. D‘EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas wëllt do iwwert déi nächst Schrëtt diskutéieren. Virun der Sëtzung huet si betount: D‘Ukrain an d‘EU missten an all eventuellen Accord mat agebonne ginn.