Den Trump huet betount: Hien hätt eng ganz gutt Relatioun mam nordkoreanesche Leader Kim Jong Un, an déi gemeinsame Militärübunge mat Südkorea wieren deier a géifen e falscht Signal a Richtung Nordkorea ginn.
arrow_back_ios
100komma7.lu
International
|Virum Militärmanöver mat Südkorea: Trump betount "gutt Relatioune" mat Nordkorea
D‘USA wäerten hir Participatioun un de gemeinsame Militärmanövere mat Südkorea staark reduzéieren. Dat huet den US-President Donald Trump op senger Plattform Truth Social annoncéiert. Dat um Dag, haut, wou déi Manöveren ufänken.
(Foto: EPA/SAUL LOEB)