arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Viru Verhandlung mat CNS: Memberszuele vu Spidolsdokter Associatioun verduebelt

AMMD

|
headphones

1 min

Viru Verhandlung mat CNS: Memberszuele vu Spidolsdokter Associatioun verduebelt

De Mëttwochmëtteg um 16 Auer fänken d’Verhandlungen tëschent der Gesondheetskeess CNS an der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD iwwer eng nei Konventioun un. Déi al Konventioun hat d’AMMD jo den 30. Oktober gekënnegt, fir den Drock op de Gesondheetsministère ze erhéijen.

headphones

1 min

D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD | © Radio 100,7
D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD (Foto: Radio 100,7)

D’Dokteschassociatioun fuerdert ënner anerem Ännerunge bei der Festleeung vun den Dokteschtariffer an Akten an een Ofschafe vum automatesche Conventionnement.

Vill kann ee sech vum éischte Verhandlungsdag awer net erwaarden – d’Reunioun mat der CNS ass nämlech zäitgläich mat der ordinärer Generalversammlung vun der AMMD am Nomëtteg. Do duerno ass eng Pressekonferenz annoncéiert.

MSH op der Assemblée Générale dobäi

Um Ordre du jour stinn ënner anerem Motiounen zu Privatinvestisseuren an Dokteschgesellschaften, d’Salariat vun Dokteren an de selektiven Deconventionnement.

D’Associatioun vun de Spidolsdokteren, déi sech jo rezent och fir déi liberal Dokteren déi am Spidol schaffen opgemaach huet, wäert iwwerdeems haut net bei der CNS virstelleg ginn. No der Statutenännerung hätt sech d’Memberszuel vun der MSH verduebelt, confirméiert d’President Monique Reiff. D’MSH gesäit sech net als Konkurrenz zur AMMD, wëllt awer e Matsproocherecht bei de Verhandlungen iwwer eng nei Konventioun hunn. Si wäerten iwwerdeems un der AG vun der AMMD am Nomëtteg deelhuelen.