Dëse Bléck zeréck geet op d’Ufäng vum Grand-Duché zu Lëtzebuerg an, zeechent d’Etappe bis zur Vereedegung an der Chamber no a bitt eng Retrospektiv op dee leschten Trounwiessel viru 25 Joer.
De Grand-Duché a säi Grand-Duc
Um Wiener Kongress am Joer 1815 gouf no den napoleonesche Kricher decidéiert Lëtzebuerg an de Stand vun engem Groussherzogtum ze erhiewen. Éischte Grand-Duc gouf duerch Personalunioun den hollännesche Kinnik Wilhelm I. vun Oranien-Nassau, woumat Lëtzebuerg also erëm ënner hollännescher Herrschaft stoung.
Am Joer 1890 goung dës dunn op en Enn, well d’Kinnigin Wilhelmina hirem Pap Wilhelm III. seng Nofolleg ugetrueden huet, zu Lëtzebuerg zu där Zäit awer nëmmen e Mann Grand-Duc konnt ginn. Zwar gouf dëst sougenannt “Salischescht Recht” schonn 1907 ofgeschaaft, schliisslech hat Lëtzebuerg duerno mat der Marie-Adelhaid a Charlotte jo ëmmerhin zwou Grand-Duchessen, mee eng Fra konnt Trounfolleg awer nëmmen untrieden, wann an der Famill kee Mann do war fir d’Nofolleg.
Haut ass dat anescht: Den 20. Juni 2011 gouf mat der Ännerung vum Familljepakt déi “Absolut Primogenitur” ageféiert, dat heescht, datt ëmmer dat eelste Kand, ob männlech oder weiblech, op den Troun komme kann.
De Jean-Claude Wolff am Owespanorama vum 20. Juni 2011:
“Zu Lëtzebuerg ass d’Gläichberechtegung tëschent Fra a Mann 92 Joer no der Aféierung vum Walrecht fir d’Fraen elo och bei der groussherzoglecher Famill ukomm.” - Jean-Claude Wolff
Deen éischte Grand-Duc, deen net gläichzäiteg hollännesche Kinnik war, huet mam Adolph vun Nassau-Weilburg (1817-1905) am Joer 1890 d’Amt iwwerholl, nodeems hie schonn ee Joer virdrun zum Duc-Regent vu Lëtzebuerg ernannt gouf.
"Stabilitéit a Kontinuitéit"
Den Henri, eelste Jong vum Grand-Duc Jean an der Grand-Duchesse Josephine-Charlotte, huet iwwer honnert Joer duerno, de 7. Oktober 2000, dee selwechte Schratt wéi säi Virfaren Adolph gemaach a gouf zum Grand-Duc vereedegt.
Hie gouf, wéi dat an der Lëtzebuerger Monarchie Traditioun ass, zwee Joer virdrun, den 3. Mäerz 1998, vu sengem Pap zum Lieutenant-Representant ernannt, fir sech op säin zukünftegt Amt virzebereeden. Den deemolege Premierminister Jean-Claude Juncker hat bei der Deklaratioun vun dëser Ernennung virun der Chamber ënnerstrach, dat dëst eng “perséinlech, discretionnaire Entscheedung vum Staatschef” gewiescht wier.
Aus dem Owespanorama vum 3. Mäerz 1998:
“Mat där Decisioun vum Grand-Duc kritt den Ierfgroussherzog Henri d’Geleeënheet sech intensiv op seng spéider Aufgaben als Staatschef virzebereeden. Et ass eng Decisioun, déi dem Grand-Duc seng Suerg ëm d’Land an d’Leit verréit an déi weist, datt d’Stabilitéit an d’Kontinuitéit him um Häerz leien. (...) Vive de Grand-Duc Jean, Vive de Prënz Henri.” Jean-Claude Juncker
Den Ierfgroussherzog Henri huet een Dag no der Deklaratioun vu sengem Pap a vum Jean-Claude Juncker de feierlechen Eed am Palais grand-ducal viru senger Famill an enger parlamentarescher Delegatioun ofgeluecht, woumat säi Wee op den Troun virgezeechent war.
Aus dem Owespanorama vum 4. Mäerz 1998:
Eng Tragedie kuerz virun de Feierlechkeeten
Zwee Joer méi spéit, den 28. September 2000, sollt et esou wäit sinn. Mee en Ongléck huet dem Trounwiessel an de Feierlechkeete bal e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. De Prënz Guillaume, jéngste Jong vum Grand-Duc Jean, a seng Fra, d’Prinzessin Sibilla, goufe vum 10. op den 11. September an ee schwéiert Autosaccident zu Paräis verwéckelt. Dobäi gouf de Prënz Guillaume esou uerg blesséiert, dat hie bal ee Mount am Koma louch.
Aus dem Mëttespanorama vum 11. September 2000:
Glécklecherweis hunn hien a seng Fra sech vun hire Blessuren erholl, mee den Trounwiessel huet awer missen op de 7. Oktober verluecht ginn. An dat, obwuel de Grand-Duc Jean eigentlech bereet gewiescht wier, deen ursprünglechen Datum bäizebehalen. Mee d’Regierung ënner dem Jean-Claude Juncker an och de Prënz Henri hu fir e spéideren Zäitpunkt plädéiert.
Aus dem Moiespanorama vum 20. September 2000:
Méi no um Vollek
Eng Woch virum Accident huet sech e Grupp vu Journalisten a Journalistinne fir en Interview mat der zukünfteger groussherzoglecher Koppel zesummefonnt. D’Monique Kater an d’Sophie Morang ware fir de Radio 100,7 op der Plaz. Virum Untrëtt vun hirem Amt huet déi groussherzoglech Koppel kommunizéiert, dat si en neie, modernen an innovative Stil vu Monarchie zu Lëtzebuerg wéilt aféieren.
Am Interview goung et ënner anerem ëm d’Fro, op den zukünftege Grand-Duc sech och un där nationaler Politik géing bedeelegen.
Aus dem Mëttespanorama vum 7. Oktober 2000:
“Ech mengen, wa mir eis mat der Regierung beschwätzen an eis vläicht eng Preparatioun maachen, fir en Discours ze maachen, da kënne mir vläicht eppes soen. Mee mir musse jiddefalls ganz gutt oppassen, datt mir keng Poleemik entstoe loossen. (...) Dat ass net eise Rôle. Et ass d'Regierung, déi regéiert.“
Zeremonie an der Chamber a Feierlechkeeten
De 7. Oktober 2000 war et dunn esou wäit. Um Ufank war et um Grand-Duc Jean fir no 36 Joer Règne am groussherzogleche Palais ofzedanken. Hien huet sech den Dag virum Wiessel nach eng Kéier un d’Populatioun adresséiert.
Aus dem Moiespanorama vum 7. Oktober 2000:
Den Dag drop huet sech d’Delegatioun ëm de Prënz Henri an d’Prinzessin Maria Teresa op de Wee an d’Chamber gemaach, wou de feierlechen Eed an d’Trounried ofgehale goufen:
Aus dem Mëttespanorama vum 7. Oktober 2000:
“Wa mir déi Trëmp, déi mir hunn, geschéckt ausspillen, brauch et eis fir déi materiell Zukunft net baang ze sinn. Eis Gesellschaft lieft awer net nëmme vum Materiellen. Si baut op vill méi déiwe Wäerter op. Meng Generatioun hat Gléck, de Krich, kee Krich ze erliewen an ass an enger Period vu Wuelstand opgewuess. Mir hu vill kritt, mee gi mir och genuch erëm? Si mir net ze vill egoistesch? Gesi mir nach déi, deenen et heiheem an dobausse schlecht geet, wësse mir, datt d'Fundament vun eiser Zivilisatioun Solidaritéit, Gerechtegkeet, Toleranz, de Respekt ee fir deen aneren an d'Mënschlechkeet sinn?"
No der offizieller Zeremonie an der Chamber stoung déi feierlech Apparitioun um Balcon vum Palais un, op déi vill Spectateure gewaart hunn. De Serge Kesseler war deemools fir de Radio 100,7 als Reporter ënnerwee.
Aus dem Owespanorama vum 7. Oktober 2000:
Duerno stoungen nach en Treffe mat de Lëtzebuerger Ambassadeuren am Stater Cercle, d‘Receptioun am Hôtel de Ville, wou déi groussherzoglech Koppel sech an dat gëlle Buch vun der Stad Lëtzebuerg agedroen huet, an den Te Deum an der Kathedral um Programm. Owes géint 18 Auer hu si sech dunn ënner d‘Vollek gemëscht.
Dem Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa hir Zäit un der Spëtzt vum Land geet no 25 Joer den 3. Oktober 2025 op en Enn. De Prënz wäert sengem Papp seng Aufgaben als Staatschef iwwerhuelen. Et bleift also elo ofzewaarden, wéi hie seng Roll interpretéiere wäert.