arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Virleefege Rapport vum Fligeraccident wërft Froen op

Mënschleche Feeler?

|
reading time

1 min

Virleefege Rapport vum Fligeraccident wërft Froen op

Indesch Piloteverbänn kritiséiere Spekulatioun iwwer e mënschlechem Feeler beim Air India Ongléck. Aus engem virleefege Rapport geet ervir, datt warscheinlech eng ofgeschalte Kerosinzoufuer zum Accident gefouert huet. Wéi et dozou komm ass, datt déi Zoufuer aus war, ass nach net gewousst.

reading time

1 min

Bigstock: Markus Mainka | © Bigstock: Markus Mainka
Symbolfoto Air India (Foto: Bigstock: Markus Mainka)

Déi éischt Erkenntnisser aus dem virleefege Rapport weisen op eng ofgeschalte Kersosinzoufuer hin. D’Ofschalten hätt dozou gefouert, datt d’Motore kuerz nom Depart erof gefuer goufen an de Fliger an e Wunnquartier gestierzt ass.

De Rapport zitt den Ament nach keng Conclusiounen a beschëllegt keen. Elo gëtt awer spekuléiert ob d’Ofschalte vun der Kerosinszoufuer een techneschen oder mënschleche Feeler war. Zwee indesch Piloteverbänn kritiséieren des Spekulatiounen. Et kéint een unhand vun dem virleefege Rapport nach keng kloer Conclusiounen zéien an et dierft een net spekuléieren ob ee vun de Pilote sech hätt wëllen d’Liewen huelen.

Och d’Opnam vum Stëmmerekorder beäntwert d’Froen net: et héiert een ee Pilot deen anere froe firwat de Reegler fir d’Kerosinzoufuer zou wier. Doropshin äntwert deen anere Pilot, datt hien dat net gemaach hätt. Et weess een den Ament net wie ween an der Opnam ass. Een Expert fir d’Loftfaart geet am Interview mat ZDF dovunner aus, datt d’Ausschalte bewosst geschitt wier. D’Reegeler fir d’Kerosinzoufuer wieren nämlech besonnesch gutt geschützt virun ongewollte Manipulatiounen.

De Fliger fir op London war den 12. Juni kuerz nom Depart zu Ahmedabad an e Wunnquartier gestierzt. Et koumen 241 Persounen u Bord an 19 Persounen um Buedem dobäi ëm d’Liewen.